Thalys
Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.
Thalys ass e Markenzeechen dat op der enger Säit ee bestëmmtem TGV bezeechent , an op deeër anerer Säit och de Service dee vun der Eisebunn a Verbindung mat dësem TGV gemaat gët. Den Thalys verbënnt Paräis mat Bréissel iwwer eng LGV-Streck an en huet Antennen vu do aus op Amsterdam a Köln. Op dëse Linne mécht den Thalys den Dengscht zesummen mat aner Héichvitessrammen, wéi den Eurostar an den ICE.
[Änneren] Gare, wou den Thalys stallhält
- Paris-Nord (Paräis)
- Bruxelles-Midi / Brussel-Zuid (Bréissel)
- Antwerpen
- Den Haag
- Rotterdam
- Amsterdam
- Liège-Guillemins (Léck)
- Oochen (Aachen Hbf)
- Köln (Köln Hbf)
[Änneren] Modelleisebunnen
Vu Mehano a vu Märklin gëtt et den Thalis fir d' Spur HO an vun Hobbytrain fir d' Spur N.
[Änneren] Um Spaweck
- http://www.thalys.com – Offiziell Säit vum Thalys
- http://isabelle-saillot.com/thalys.htm -- Histoire Technologique du Thalys, vum Isabelle Saillot