The Bitter Years 1935-1941
Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.
The Bitter Years 1935-1941 ass eng Fotosausstellung, déi 1962 fir de New Yorker Museum of Modern Arts vum Edward Steichen zesummegestallt gi war. D'Fotoe si vun der Farm Security Administration hirkomm, a weisen déi "batter Joren", wou, als Folleg vun der Grousser Depressioun, e groussen Deel vun der amerikanescher Landbevëlkerung veraarmt waren.
D'Ausstellung besteet aus 208 schwaarz-wäiss Fotoen, déi vun enger Equipe vun 12 Fotografen, dorënner d'Dorothea Lange, de Walker Evans, de Russel Lee, de Jack Delano, an den Arthur Rothstein, fir d'Farm Security Administration (FSA) gemaach goufen. D'FSA war vum amerikanesche President Franklin D. Roosevelt an d'Liewe geruff ginn, fir de Baueren an Nout ze hëllefen.
7 Joer laang sinn dës Fotografen uechtert d'Vereenegt Staate gezunn an hunn d'Liewe vun de Leit an hirem Misär op hire Fotoe festgehalen. Eng ettlech vun de Fotoe waren och scho virun der Ausstellung weltwäit an der Press an a Bicher verbreet ginn. Hei an do ass hinne virgeworf ginn, si wire Propaganda fir dee Programm, deen d'Landwirtschaft soll erëm un d'Rulle bréngen.
D'Ausstellung "The Bitter Years 1935 - 1941" ass an den 1990er Jore restauréiert ginn, an 1995 zu Lëtzebuerg, dono och a Japan an a Russland, ausgestallt ginn.
Et ass geplangt, hir am fréiere Waassertuerm vun der Diddelenger Schmelz, no deem senger Restauréierung, en definitivt Doheem ze ginn.