Thomas Nipperdey
Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.
Den Thomas Nipperdey gebuer de 27. Oktober 1927 zu Köln, a gestuerwen de 14. Juni 1992 zu München, war en däitschen Historiker.
[Änneren] Säi Liewen
Hien huet zu Köln, Göttingen a Cambridge Philosophie a Geschicht studéiert. 1953 krut hien den Dr. phil.. 1961 gouf hien habilitéiert mat sénger Aarbecht Die Organisation der deutschen Parteien vor 1918. 1963 huet hien ugefaange Geschicht ze ginn, op der Héichschoul zu Karlsruhe, duerno op der Georg-August-Universität Göttingen a spéider op der University of Cambridge. 1967 ass hien op d'Freie Universität Berlin gaangen a gouf do Professer fir Neuere Geschichte. Bis zu sengem Doud war den Nipperdey Professer fir Neier Geschicht zu München.
Säin Deutsche Geschichte 1800 - 1918 gëllt ass e Standardwierk.
[Änneren] Gielercher
1984 krut den Nipperdey den Historikerpreis vun der Stad München, an 1992 posthum den Däitschen Historikerpräis ( Preis des Historischen Kollegs )
[Änneren] Literatur (Auswiel)
- Thomas Nipperdey, Deutsche Geschichte 1800 - 1866. Bürgerwelt und starker Staat. , C.H.Beck Verlag, München,
- Thomas Nipperdey, Deutsche Geschichte 1866 - 1918. Band 1. Arbeitswelt und Bürgergeist. , C.H.Beck Verlag, München, 1990
- Thomas Nipperdey, Deutsche Geschichte 1866 - 1918. Band 2. Machtstaat vor der Demokratie. C.H.Beck Verlag, München, 1992
- Thomas Nipperdey, Nachdenken über die deutsche Geschichte : Essays, C.H.Beck Verlag, München, 1986
- Thomas Nipperdey, Religion im Umbruch : Deutschland 1870 - 1918, C.H.Beck Verlag, München, 1988, (= Beck'sche Reihe ; 363)
- Hermann Holzbauer, Thomas Nipperdey, Bibliographie seiner Veröffentlichungen : 1953 - 1992, C.H.Beck Verlag, München, 1993, mat engem Virwuert vum Lothar Gall (= Schriften der Universitätsbibliothek Eichstätt ; Bd. 20)