Tony Krier
Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.
Den Antoine (Tony) Krier, gebuer den 21. Juli 1906 zu Hamm (Stad Lëtzebuerg) a gestuerwen den 22. September 1994 um Houwald, war e lëtzebuergesche Fotograf a Journalist.
Hie war Hafffotograf, huet fir d' Luxemburger Wort geschafft a Fotosbicher publizéiert. Seng Sujetë waren nieft Portraiten och Landschaftsopnamen. Bekannt sinn och seng direkt nom Zweete Weltkrich publizéiert 2 Bicher Luxembourg Martyr 1940 1945, wouranner ë.a. déi an der Ardennenoffensiv zerstéiert Dierfer androcksvoll dokumentéiert sinn.
Seng ronn 400.000 Fotoe sinn an der Fotothéik vun der Stad Lëtzebuerg archivéiert.
[Änneren] Wierker
- D'Jorhonnertfeier 1939 am Bild
- (mam Pierre Hentges a Joseph Kanivé - Texter) Luxembourg Martyr 1940-1945, 2 Bänn
- Le Souvarain et son peuple (1965)
- (mam Jemmy Koltz) Les châteaux historiques du Luxembourg (1975)
- La vie d'une grande dame (1986)