Tous les matins du monde
Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.
Informatiounen zum Film
Filmdaten | |
---|---|
Originaltitel: | Tous les matins du monde |
Produktiounsland: | Frankräich |
Produktiounsjoer: | 1991 |
Dauer: | 115 Minutten |
Originalsprooch: | Franséisch |
Equipe | |
Regie: | Alain Corneau |
Dréibuch: | Alain Corneau Pascal Quignard |
Kamera: | Yves Angelo |
Musek: | Jordi Savall |
Produzent: | Jean-Louis Livi |
Haaptacteuren | |
Jean-Pierre Marielle als Monsieur de Sainte-Colombe Gérard Depardieu als Marin Marais Anne Brochet als Madeleine Guillaume Depardieu als Marin Marais (jonk) Michel Bouquet als Baugin Carole Richert als Toinette Jean-Claude Dreyfus als Abbé Mathieu |
Inhaltsverzeechnis |
[Änneren] Ëm wat geet et am Film?
De Komponist Marin Marais (* 1656 zu Paräis) erënnert sech u seng Jugend. En denkt u säi Léiermeeschter, de Monsieur de Sainte-Colombe, deen him d'Spill op der Viole de Gambe bäibruecht huet. De Monsieur de Sainte-Colombe deen nom Dout vu senger Fra, bal als Einsiidler nëmme méi fir seng Musek gelieft huet. Awer och seng Relatioune mat dem Madeleine an dem Toinette, de Meedercher vum Monsieur de Sainte-Colombe, kommen him an Erënnerung, besonnesch dat tragescht Schicksal vum Madeleine.
[Änneren] Markant Zeenen aus dem Film
- Den Ufank vum Film : Eng Groussopnam, déi sechs Minutten dauert, vum Marin Marais (Gérard Depardieu) sengem vum Alter gezeechente Gesiicht.
- Déi onheemlech tragesch lescht Renconter vum Madeleine de Sainte-Colombe mat dem Marin Marais.
[Änneren] Musek
De Jordi Savall huet d'Musek vum Film deelweis selwer geschriwwen oder arrangéiert. Hien huet awer och Originalmusek aus der Zäit vum Marin Marais an de Film agebaut.
- Museksstécker aus dem Film:
- Une jeune fillette: Vollekslidd arrangéiert vum Jordi Savall
- Prélude pour Mr Vauquelin vum Jordi Savall
- Troisième Leçon de Ténèbres à 2 voix vum François Couperin
- Marche pour la cérémonie des Turcs vum Jean-Baptiste Lully
- le Badinage, la Rêveuse, l'Arabesque , Improvisations sur les Folies d'Espagne , Tombeau pour Mr de Sainte Colombe!, Muzette I a II , a Sonnerie de Sainte Geneviève du Mont-de-Paris vum Marin Marais
- les Pleurs , Gavotte du Tendre a Concert à deux Violes Le Retour vum Monsieur de Sainte-Colombe
Ausser dem Ensemble Le Concert des Nations hunn am Film Instrumentalsoliste matgwierkt:
- Jordi Savall, Fabio Bondi, Rolf Lislevand, Pierre Hantaï a Jérôme Hantaï
Gesank:
- Montserrat Figueras a Marie-Christine Kiehr
[Änneren] Monsieur de Sainte-Colombe
De Sainte-Colombe gëtt Monsieur de Sainte–Colombe genannt, well säi Virnumn net méi bekannt ass.
[Änneren] Filmpräisser
- César du cinéma 1992
- Beschte Film
- Bescht Schauspillerin an enger Nieweroll: Anne Brochet
- Beschte Filmregisseur: Alain Corneau
- Bescht Musek: Jordi Savall
- Bescht Fotografie: Yves Angelo
- Bescht Kostümer: Corinne Jorry
- Beschten Toun: Gérard Lamps, Pierre Gamet an Anne Le Campion'
- Prix Louis-Delluc 1991