Wikipedia:Tour/2
Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.
![]() |
Wikipedia-Tour | ![]() |
zeréck | 1 | 2 | 3 | 4 | 5 | weider |
Wann Dir wëllt, kënnt Dir och den automateschen alphabeteschen Index duerchsichen. Uewen op der Säit gëtt et et Textfeld Säite weisen, ugefaange mat. Do kënnt Dir een oder méi Buschtawen aginn. Wann Dir zum Beispill Jean antippt, kritt Dir eng ganz Lëscht mat Artikelen déi mat Jean uginn. Do fannt Dir dann ë. a. Artikele wéi Jean-Ambroise Duvergier de Hauranne awer och de Jeanharishaff. Ët gëtt nach eng weider Méiglechkeet, fir an d'alphabetesch Lëscht ze sprangen: D'Alphabetesch Navigatioun ass eng Säit mat alle Kombinatiounen aus dem éischten an zweete Buschtaw.
Thematesch sichen
Wikipedia kann een awer och no Themen duerchbliederen. Zu verschiddenen Theme gëtt et ewell e Portal wat sech exklusiv mat deem Thema verfaasst. E Portal ass eng Säit mat Artikele ronderëm een Thema. Op de meeschte Portalsäite fannt Dir:
- Hiweiser op nei Artikelen
- eng thematesch Sortéierung vun den Artikelen déi et scho gëtt
- eng Lëscht vun Artikelen déi nach net geschriwwe sinn
Op der Wikipedia-Haaptsäit fannt Dir och eng Auswiel vu Portaler. Et gëtt am Moment 14 Portaler op der Lëtzebuerger Wikipedia (Stand Juli 2006), mee et ass net bis elo leider net méiglech gewiecht, zu all Themegebitt engagéiert Leit ze fannen, fir en neit Portal opzemaachen.
Kategoriesystem
Dir kënnt natierlech och iwwert d'Haaptkategorië fueren. Bei villen Artikele fannt Dir um Schluss eng Zeil déi ongeféier esou ausgesäit:
Dëst ass d'Kategorie (et kënnen der och méi sinn), an déi den Artikel aklasséiert gouf. Wann Dir op den Numm vun der Kategorie klickt, kommt Dir op eng automatesch zortéiert Lëscht vun allen Artikelen an dëser Kategorie. Sou kënnt Dir Iech en Iwwerbléck iwwert e Fachgebitt verschafen.