Trëtterbaach
Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.
D'Trëtterbaach ass eng Baach am Nord-Weste vum Éislek. Si entsteet aus dem Zesummefloss vun zwou Baachen an der Belsch ongeféier 2.5 km vun Tratten a knapps e Kilometer virun der lëtzebuergescher Grenz op enger Héicht vu 490 m (ING Belsch).
Déi zwou aner Baache sinn:
- La Woltz déi aus 4 Quellen am Bois du Maister am Oste vu Bourcy ensteet an no der Vielle Haie mat dem 'Ruisseau de Monfoi zesummeeeft.
- De Ruisseau de Monfoi deen aus 2 Quellen entsteet just nieft der Eisebunnslinn Libramont-Gouvy-St.Vith an da weider no Oste leeft duerch de Gros Bois an den Étang de Madar (18 a) bis op den Zesummefloss mat der Wolzt. Den Étang de Madar ass en Deel vu méi enger grousser Supp (1.2 ha) tëscht dem Gros Bois an dem Bësch deen Aux deux Hêtres heescht.
Ronn 100 m nërdlech vun der Grenzmaark LB258 leeft s'an Lëtzebuerger Land fir gläich duerno hir éischt Niewebaach vu riets ze kréien, d'Habich déi vun Hannerhaassel kënnt.
Si leeft da laanscht oder duerch:
- Tratten, wou se ënner dem CR 332 erduercht leeft
- Neimillen, tëscht Houfelt an dem Antoniushaff an der Gemeng Wëntger
- Leeresmillen
- Aasselburer Millen
- Saassel
ier se ongeféier 1 km virun der Bockmillen an d'Wolz fléisst.
Den Dall vun der Trëtterbaach gehéiert zum europäeschen Natura 2000-Netz vu schützenswäerte Gebidder.
[Änneren] Nieweflëss
|