Trombone
Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.
![]() |
Dësen Artikel entsprécht net de Wikipedia-Kritere fir en enzyklopedeschen Artikel. Dëst kann dru leien datt Schreif- oder Tippfeeler dran ze fanne sinn, oder en nach net nom Stil vun engem Wikipedia-Artikel formatéiert gouf. Et kann och sinn, datt den Inhalt net an eng Enzyklopedie gehéiert, sou wéi en am Moment do steet. Fir ze verhënneren datt dësen Artikel eventuell geläscht gëtt, muss en onbedéngt iwwerschafft ginn. |
D'Trombone ass en déift Blechblosinstrument, dat wéinst sénger weitgehend zylindrescher Buerung zu den Trompetteninstrumenten zielt. De Viireider vun der Trombone war am 15. Joerhonnert d'Saqueboute, e Blosinstrument mat enger Coulisse, awer mat engem vill méi klenge Pavillon wéi déi modern Trombonen. De Num Saqueboute ass aus de Verben 'saquer' = drécken an 'bouter' = zéihen entstan.
Inhaltsverzeechnis |
[Änneren] Opbau a Funktioun
[Änneren] Trombone
Ennert enger Trombone versteet een normalerweis eng Trombone mat Coulissen (däitsch: Zugposaune), am Géigesaatz zur Trombone mat Ventiller (dâitsch: Ventilposaune). Si besteet aus engem S-förmege Rouer, an deem sengem engen Enn d'Mondsteck agesaat gëtt, an deem säin anert Enn sech zum Triichter erweidert.
Den Toun entsteet doduerch dat de Spiller seng Lëppsen zum Vibréieren brengt.
Well d'Lëppsen un d'Mondsteck ugesaat sinn entstinn an der Trombone Drockwellen, déi um oppenen Enn um Triichter reflektéiert ginn an mat deenen neien Drockwellen, déi vum Mondsteck kommen, iwwerlagert ginn. Wat d'Lëppsen méi séier vibréieren, wat den Toun (Naturtoun) méi héich ass. Duerch d'Coulisse get den Toun dann weider verännert: wat een se méi eraus zitt (also d'Gesamtlängt vum Rouer méi laang mecht), wat den Toun méi déif gett. Der Trombone ass et als eenzecht Blechblosinstrument méiglech, e "richtegen" Glissando ze spillen, dat heescht, vun enger Tounhéicht zur anerer ze "rutschen".
[Änneren] Stëmmlaagen
Haut fënnt een meeschtens Tenor- a Basstrombonen, mee esou wéi aner Instrumenter aus der Renaissance wéi zum Beispill d'Blockflute gouf d'Trombone soss an alle Stëmmlaagen, vun Piccolo bis Kontrabass, gebaut.
[Änneren] Tenortrombone
Déi verbreetsten Bauform ass d'Tenortrombone an Ut mat enger Rouerduerchmiesser vun ongeféier 12,2 bis 13,89 mm. Dëst Instrument ass dem großen E aufwärts voll chromatisch spillbar.
[Änneren] Um Spaweck
- David Guion: A short history of the trombone - einer der raren verlässlich recherchierten online-Artikel zur Geschichte der Posaune (eng.)
- Artikel im PDF-Format (290 kB) von Heinrich Thein zu Merkmalen der deutschen Posaune im Unterschied zur amerikanischen Bauweise (Denglisch)
- Website von Douglas Yeo, Bassposaunist des Boston Symphony Orchestra mit zahlreichen Ressourcen und ausführlicher Bibliographie (eng.)
- Die Deutsche Bassposaunen-Webseite