Uniform Resource Identifier
Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.
Een Uniform Resource Identifier (URI) ass eng Zeecheketten, déi zur Identifizéierung vun enger Ressource am Internet déngt.
Domat all méiglech Informatiounsressource am Internet uspriechbar ass an zu all Zäitpunkt op Ressource vun engem neien Informatiounsservice zougegraff ka ginn, setzt sech eng URI grondsätzlech aus zwee Deeler zesummen. E Präfix (Schema) spezifizéiert de Service oder Protokoll, deen déi gewënschte Ressource ze Verfügung stellt an e Suffix (schemaspezifizéierten Deel) kennzeechent d'Lag an d'Identifikatioun vun der Ressource.
Et ënnerscheet een tëschent:
- Uniform Resource Locator (URL): spezifizéiert een Uert oder Adress, wou déi gewënschte Ressource am Netz ze fannen ass.
- Uniform Resource Name (URN): erméiglecht eng Identifikatioun vun enger Ressource iwwert en Numm. URNs ginn zur Zäit nach net ënnerstëtzt. Hire Standard ass zënter Joren nach ëmmer an der Entwécklung.