Useldeng
Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.
Dëse Geographiesartikel zu Lëtzebuerg ass eréischt just eng Skizz. Wann der méi iwwer dëst Thema wësst, sidd der häerzlech invitéiert aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann dir Hëllef braucht beim Schreiwen, da luusst bis an d'FAQ eran. |
|
||||||
---|---|---|---|---|---|---|
An anere Sproochen | fr.: Useldange de: Useldingen |
|||||
Gemeng | Useldeng | |||||
Buergermeeschter | Léon Bodem | |||||
Kanton | Réiden | |||||
Awunner | 622 (15.2.2001) | |||||
Fläch | km² | |||||
Koordinaten | 49° 46’ 8’’ N, 5° 58’ 51’’ O | |||||
Awunner (Gemeng) | 1.419 (03.2006) | |||||
Fläch (Gemeng) | 2.392 ha | |||||
Uertschaften - Gemengen - Stied |
Useldeng ass eng lëtzebuergesch Uertschaft am Réidener Kanton, a läit riets a lenks vun der Atert.
Duerch Useldeng lafen d'Nationalstroosen N24, N22 an den CR 305.
Fréier bis 1967 hat Useldeng och eng Gare déi op der Atertlinn loug.
Op der Kopp riets vun der Wollefsbaach tëschent Useldeng a Rippweiler ass e Fluchfeld wou mat Segelfligere geflunn gëtt.
An der Mëtt vum Duerf op engem Fielsvirspronk steet d'Ruin vun enger mëttelalterlescher Buerg.
D'Nopeschdierfer vun Useldeng sinn am Sënn vun der Auer:
[Änneren] Gemeng
Useldeng ass eng vun den 116 lëtzebuergesche Gemengen am Kanton Réiden, Distrikt Dikrech.
[Änneren] Uertschaften an der Gemeng
- Iewerleng (Everlange)
- Rippweiler (Rippweiler)
- Schandel (Schandel)
- Useldeng (Useldange)
[Änneren] Nopeschgemengen
- Am Réidener Kanton : Biekerech, Sëll, Préizerdaul, Viichten, Réiden
- Am Mierscher Kanton :Béiwen op der Atert, Tënten
[Änneren] Geschicht
[Änneren] Wopen
D'Gemeng Useldeng krut hiere Wopen de 4. Dezember 1986.
Déi horizontal Balke kommen aus dem Wope vun den Häre vun Esch-Sauer déi och Meeschter zu Useldeng waren.
D'Kräiz kënnt aus dem Wope vun den Häre vu Simmer deene Rippweiler gehéiert huet. Et symboliséiert och d'Uertschaft Schandel déi den Häre vu Sterpenich, a spéider den Häre vun Hondel gehéiert huet, déi ee Kräiz mat engem Hondskapp op hierem Schëld haten.
[Änneren] Kuckeswäertes
- Useldenger Buerg
[Änneren] Linken
[Änneren] Kuckt och
[Änneren] Um Spaweck
Biekerech | Ell | Groussbus | Préizerdaul | Rammerech | Réiden/Atert | Sëll | Useldeng | Viichten | Wal