Viaduc vun Houffalize
Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.
Viaduc vun Houffalize | ||||||||||
|
||||||||||
Charakteristiken | ||||||||||
---|---|---|---|---|---|---|---|---|---|---|
|
||||||||||
|
De Viaduc vun Houffalize ass eng Autobunnsbréck vun der belscher A26 / E25 um P.k. 64,45, iwwer den Dall vun der Ourthe nërdlech vun Houffalize.
D'Bréck mat enger Totallängt op der Fuerbunn vun 369,90 Meter besteet aus:
- Dem Bou mat enger Spaanwäit vun 162 Meter
- Aacht säitleche Felder 4 riets a 4 lénks vum Bou mat all kéiers 26,40 Meter
D'Fuerbunn huet eng Déckt vu 77 cm an ass vu Stäipe gedro déi all kéiers 26.4 Meter vuneneen ewech stinn.
Et ginn am ganze 14 deeër Felder wovun der 6 um Bou stinn.
D'Fuerbunne sinn an der Mëtt vunenee getrennt a sinn 2 x 16 m breet.