Victoria Mayer
Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.
D' Victoria Mayer gebuer de 6. Mee 1976 zu Münster ass eng däitsch Schauspillerin.
Si koum am Alter vun 13 Joer op Marburg wou si hiren Abitur op der Elisabethschoul gemaach huet an duerno och do um Theater als Regieassistentin geschafft huet. Si ass 1997 op München geplënnert an huet do bis 2001 op der Bayerischen Theaterakademie studéiert.
Si gouf bekannt duerch vill Niewerollen a Fernseh- und Kinosproduktiounen. Si huet ënner anerem am Film Die Wolke matgespillt. Fir de Moment spillt si d' Kriminaloberkommissarin Sofia Lechner an der ZDF-Serie Stolberg.