Vigeland-Skulpturepark
Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.
De Vigeland Park ass een Deel vum Frogner Park zu Oslo, der Haapstad vun Norwegen. Hien huet säin Numm vum bedäitendste norwegegesche Sculpteur, dem Gustav Vigeland.
Am sougenannte Vigeland-Park (op Norwegesch:Vigelandparken) sinn 212 vu senge Sculpturen a Bronz, Granit oder Fer forgé opgestallt, déi kuckeswäert sinn a vu ville Touriste besicht ginn.
D'Sculpture stinn an enger Rei vun 850 Meter Längt, déi a fënnef agedeelt ass:
- d'Haaptentrée
- d'Bréck mat der Kannerspillplaz
- de Sprangbur
- de Monolitheplateau an
- d'Liewensrad
Dem Vigeland säi Wierk ass vum franséischen Künstler Auguste Rodin beaflosst. Dës Sculpturen gehéieren haut der Stad Oslo, déi als Geegeleeschtung fir den Ënnerhalt vum Viglen bis zu sengem séilegen Ënn opkomm ass. Südlech vum Park läit dem Vigeland säi fréieren Atelier mat Skizzen an Ausstellungsstëcker, déi besicht kënne ginn.