Wallounesch Regioun
Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.
D'Wallounesch Regioun (fr.: Région wallonne; de.: Wallonische Region; wa.: Redjon Walone), ofgekierzt dacks Wallounien (fr.: Wallonie; de.: Wallonien; wa.: Walonreye) ass eng vun den dräi Regiounen an der Belsch. Si erstreckt sech iwwert 55% vum Territoire, hei liewen een Drëttel vun den Awunner vun der Belsch.
Inhaltsverzeechnis |
[Änneren] Geographie
Den Territoire vun der Wallounescher Regioun setzt sech, no der Belscher Verfassung aus dëse Provënzen zesummen:
- Provënz Wallounesche Brabant (1);
- Provënz Hainaut (2);
- Provënz Léck (3);
- Provënz Lëtzebuerg (4);
- Provënz Namouer (5).
Dësen Territoire vun 16 844 km² ass och an 20 Arrondissementer, déi hirersäits an am ganzen 262 Gemengen ënneragedeelt sinn, wouvunner der 65 den Titel 'Stad' droen.
[Änneren] Emblemer
De Fändel vun der Wallounescher Regioun ass e roude "Coq hardi" (e wéischten Hunn) op (gold)gielem Fong. De Logo ass e roude "W" op wäissem Fong, deem säi lescht "Been" e Feil ass, deen no uewe weist.
[Änneren] Politik
D'Belsch ass zënter dem 23. Abrëll 1993 e Federalstaat. Wéi déi aner Regiounen och, huet déi Wallounesch hiert Parlament, an dat 75 Deputéiert iwwert d'Allgemengt Walrecht gewielt ginn. Et huet säi Sëtz zu Namouer.
[Änneren] Um Spaweck
- Dans quel État vivons-nous ? (lien pdf), une brochure officielle très bien faite pour assimiler l'évolution de la Wallonie.
- Site officiel de la Région wallonne
- Site économie de la Région wallonne
- Site officiel du Gouvernement wallon
Communautéiten Däitschsproocheg Communautéit · Flämesch Communautéit · Franséisch Communautéit
Regiounen Flämesch Regioun: Antwerpen · Flämesche Brabant · Limburg · Ostflandern · Westflandern
Wallounesch Regioun : Hainaut · Léck · Lëtzebuerg · Namouer · Wallounesche Brabant
Regioun Bréissel-Haaptstad