Wesseling
Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.
Wesseling | |
---|---|
![]() |
![]() |
Land | ![]() |
Bundesland: | Nordrhein-Westfalen |
Regierungsbezierk: | Köln |
Landkrees: | Rhein-Erft-Krees |
Koordinaten: | 50° 49' n. B., 06° 49' ö. L. |
Fläch: | 23,4 km² |
Awunner: | 35.859 (2004) |
Bevëlkerungsdicht: | 1.532 / km² (2004) |
Héicht: | 42,5 - 62,7 m i. NN |
Buergermeeschter: | Günter Ditgens (CDU) |
D'Stad Wesseling grenzt um lenken Uwänner vum Rhein südlech un de Kölner Staddeel Godorf. Weider Nopechstied sinn Brühl am Westen an Bornheim am Südwesten. D'Stad ass ennerdeelt an d'Staddeeler Wesseling-Mitte, Keldenich, Berzdorf an Urfeld sowéi d'Gewerbezonen Rheinbogen an Eichholz.
Den 1. Januar 1975 gouf Wesseling durch § 1 Abs. 1 vum Köln-Gesetz Deel vun der Stad Köln, mee no enger erfolgräicher Klo den 1. Juli 1976 krut et seng Selbstännegkeet erem.
Op dem Terrain vun der Stad leien vill grouss Betrieber vun der chemescher Industrie, wéi zum Beispill d'Degussa an d'Basell (fréier emol Rheinische Olefinwerke an Elenac) sowéi eng Raffinerie vun der Shell (fréier DEA und Union Kraftstoff Wesseling). D'Raffinerie ass iwwer eng Pipeline mat Wilhelmshaven an Rotterdam verbonn, wou se hieren Réiuegleg hierkritt.
Wesseling ass iwwer d'Autobunnen 555 (Bonn–Köln) an 553 erreechbar. Déi lescht stellt d'Verbindung zu den Autobunnen 61 an 1 hier. Mat der Stadtbahn (fréier Köln-Bonner Eisenbahn) kann een Wesseling vun den Haaptgaren vun Köln a Bonn in 35 bzw. 18 Minuten erreechen.
D'Stad bidd en grousse Kulturprogramm un a konnt 2004 dem Phönix-Theater eng eischte Kéier eegen Räimlechkeeten an der neier Veranstaltungshaal RheinForum ubidden. Eng Traditioun ass de Jazz-Festival 'Live im Lessing'. Ausserdem bidd d'Stad mat hierem groussen Schoulzentrum de Schoulpflichtegen und Auszebildenden all Art vu Schoulbildung un. Zum Schoulzentrum gehéieren e Gymnasium, Real-, Haapt-, Grond- a Beruffsschoul sowéi eng grouss Sportsanlag mat enger Sportsplaatz am Freien an e puer Turnhaalen.
Baussescht dem Uertsdeel Urfeld bedreiwt op Schloss Eichholz d'Konrad-Adenauer-Stëftung e Bildungszentrum.
[Änneren] Linken
[Änneren] Um Spaweck
Bedburg | Bergheim | Brühl | Elsdorf | Erftstadt | Frechen | Hürth | Kerpen | Pulheim | Wesseling