Willibrordus-Bauveräin
Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.
De Willibrordus-Bauveräin gouf de 25. Dezember 1861 vun Iechternacher Bierger gegrënnt, mam Zil, Suen ze sammele fir d'Iechternacher Basilika, déi deemools just nach eng Ruin war, nees opzeriichten.
Duerch Donën, Kollekten a Manifestatiounen, déi en organiséiert huet, si genuch Fongen zesummekomm, fir den Architekt Antoine Hartmann domatter ze chargéieren, d'Basilika nees zu enger Kierch ze maachen.
No hirer Zerstéierung am Zweete Weltkrich, gouf d'Basilika duerch de lëtzebuerger Staat alt ërem nei opgeriicht. De Willibrordus-Bauveräin huet am ganze Land eng Souscriptioun gemaach, fir d'Ariichtung vun der Basilika ze erméiglechen.
Well d'Basilika hautesdags e Nationaldenkmol ass, iwwerhëlt de Staat hiren Ënnerhalt. De Willibrordus-Bauveräin ass haut eng Asbl, deeër hir Aufgaben et sinn, d'Sprangprëssessioun z'organiséieren an de Willibrord-Kult ze propagéieren.