Xavier Bettel
Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.
De Xavier Bettel (* 3. Mäerz 1973 zu Lëtzebuerg) ass e lëtzebuergesche Politiker. Hie wunnt an der Stad Lëtzebuerg.
[Änneren] Säi Liewen
Nom Ofschloss vum Secondaire Classique huet hien eng Maîtrise am Droit Public an am Droit Européen, an och en Diplom am Droit Maritime an am Droit Ecclésiastique op der Universitéit Aristoteles zu Thessaloniki a Griicheland gemaach.
1988 gouf hie Member an der Demokratescher Partei an 1989 Komiteesmember a Member vum Nationale Büro vun der JDL (Jeunesse Démocrate et Libérale) am Bezierk Zentrum.
1991 ass hien op de Poste vum President am Bezierk Zentrum a Vize-President op nationalem Niveau vun der JDL gewielt ginn. President vun der JDL war hie vun 1994 bis 2002.
Fir d'éischt an d'Chamber ass hien den 13. Juni 1999 gewielt ginn. Dat selwecht Joer, den 10. Oktober, ass hien och an de Gemengerot vun der Stad Lëtzebuerg gewielt ginn.
Bei de Chamberwahlen am Joer 2004 ass hien dunn als Deputéierten erëmgewielt ginn.