Zeitung vum Lëtzebuerger Vollek
Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.
D' Zeitung vum Lëtzebuerger Vollek ass eng Lëtzebuerger Dageszeitung, déi fir d'éscht den 1. Juli 1946 erauskomm ass. Si ass bis haut d'Presseorgan vun der Lëtzebuerger Kommunistescher Partei (KPL).
Inhaltsverzeechnis |
[Änneren] Geschicht
D'Zeitung vum Letzeburger Vollek (wéi se an der deemoleger Schreifweis housch) huet d'Wochenzeitung Die Volksstimme als Sproochrouer vun der KPL ofgeléist, déi den 28. September 1944, just no der Liberatioun, fir d'éischt erauskomm war.
1953 war d'Zeitung vum Lëtzebuerger Vollek net esou gutt drun, an ass just ee Mol d'Woch erauskomm. 1954 gouf et awer nees eng Dageszeitung. Bis an d'Mëtt vun den 1980er Joren ass och eng Wochenzeitung vum Letzeburger Vollek erausgi ginn.
[Änneren] Gekroops
Vun 1948 bis 1950 ass an der Zeitung eng satiresch Säit, De Feierkrop, publizéiert ginn. Dës ass de 16. Mäerz 1984 nees nei belieft ginn an ass bis den 23. Juli 1993 mat groussem Succès all Freiden erauskomm. Wéinst Gedeessems iwwert d'ideologesch Ausriichtung vun der Zeitung huet hiren Auteur dës verlooss an e puer Méint drop Den Neie Feierkrop gegrënnt.
[Änneren] D' Zeitung haut
2005/2006 hunn, der Etude Plurimedia no, duerchschnëttlech 0,8 % vun der Lëtzebuerger Bevëlkerung iwwer 15 Joer d' Zeitung gelies. 2006 huet d'Zeitung 309.475 € staatlech Pressehëllef kritt.