User talk:Zinneke
Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.
Inhaltsverzeechnis |
[Änneren] Den Iwwerhuelmelder
Gudden Owend. Wann s de eppes iwwer den "Iwwerhuelmelder", deen de Bodson als Transportminister wollt aféiere, weess, da verheemlech eis deen net:-) --Cornischong 21:25, 28 Juni 2006 (UTC)
Ech sinn do selwer ganz schlecht drun! Ech erënnere mech drun, datt de Bodson en Apparat wollt aféieren fir un d'Autoen ze "maachen", deen d'Sécherheet beim Iwwerhuelen soll verbesseren, an datt de Bodson mat där Iddi ganz schlecht ukomm ass. Dat war an der Zäit d'Dagesgespréich. Leider, leider weess ech net méi. Deen als éischten eppes matkritt, weist de Fanger. --Cornischong 21:41, 28 Juni 2006 (UTC)
[Änneren] Thanks for the welcome
Thank you very much for your praise; certainly, I don't take it lightly that a Luxembourger pays credit to me for my work on his country. Also, thank you for welcoming me to pose questions in English. Although I am aware that many Luxembourgers are perfectly fluent in the language of Shakespeare (as well as the languages of Voltaire, Goethe, and... Juncker), I felt as though such an intrusion may be unwelcome; at some other language wikis (naming no names, *cough*FRENCH*cough*), it's harder for non-native speakers to get a word in. Knowing now that your lot aren't so defensive, I'll advertise the WikiProject on the Haaptsäit talk page. Bastin 00:02, 26 Juli 2006 (UTC)
[Änneren] betreffend Image:Personenstand.jpg
Ech fannen déi Foto net ganz gudd gelong, well en d?detailer net gudd gesäit. Ech huelen un, dass den ganzen Questionnaire an enger Kéier fotographéiert ginn ass? Fier e bessert Resultat géing ech fierschloen den Questionnaire an e puer Abschnitter ze fotographéieren an dann dat ganzt zesummenzesetzen. Fier den läschten Schrëtt géing ech mech och gären zuer Verfügung stellen, ech hun do esou lues Erfahrung. Grouss Spanish Inquisition 15:17, 26 Juli 2006 (UTC)
-
- Du kanns d'Fichieren z.B. ob meng Diskussiounssäit eroplueden oder se an enger email schecken (thomasdumont@bluewin.ch) grouss Spanish Inquisition 17:44, 26 Juli 2006 (UTC)
[Änneren] DSG
Gudde Mëtteg. Hu mer schonns eppes iwwer déi Deutschsprachige Gemeinschaft Belgiens. Bei de Provënzen an de Regiounen hunn ech näischt dovu fonnt. Klär mech kuerz op. --Cornischong 09:49, 29 Juli 2006 (UTC)
Salut mat Leiwel hues de natierlech recht. Ech sinn do de verkéierte Wee gefuer et wäert net méi virkommen. Merci fir d'Interventioun Les Meloures 12:09, 9 Januar 2007 (UTC)
[Änneren] NGC 6720
E gudde Moien. Merci fir déi gudd Aarbecht mat mengen Artikelen. Leider hunn ech mat deem neie lëtzebuergeschen esou meng Problemer. - Wat ass awer elo mat dem NGC 6720, wisou hutt Dir mer dat geännert ? - Dësen Objet steet elo nët méi an der Kategorie "NGC-Objeten" dran ! Kënnt Dir mäer dat erëm richteg dréien. Merci am viraus.--SITCK 09:24, 15 Januar 2007 (UTC)
- Merci fir d'Matdeelung, ech war e bësschen duercheneen komm.--SITCK 13:43, 15 Januar 2007 (UTC)
Merci fir d'OLO. Ech hätt dat Déngen do net fir méiglech gehalen. An ech hat gemengt, mam Finnegans Wake hätt ech alles hanneru mer. --Cornischong 00:47, 18 Januar 2007 (UTC)
Tjo sou kann e sech tëscht Europa a Südamerika verlafen Merci fir d'Verbesserung leider domm gaang. Les Meloures 14:41, 24 Januar 2007 (UTC)
E gudden Owend. Bei eis stierft den Henri Kirpach am Joer 1913. An engem lëtz. Lexikon (mer nenne keen Numm) war en do schonns zwee Joer dout. Sollten déi mol eng Kéier Recht hunn, freet sech de --Cornischong 22:56, 26 Januar 2007 (UTC)
[Änneren] Schnellleefer
Schnellleefer mat dräi "l" (no den neitste Regeken) ass ok. "Séierleefer gëtt bei den Astronomen nët gesoot. Merci--SITCK 19:23, 5 Februar 2007 (UTC)
[Änneren] Schaarfe Schnurres
Salut Zinneke. Ech hunn dem Jemmy méi e schaarfe Schnurres spendéiert. Net rose ginn :-)) --Cornischong 15:49, 16 Februar 2007 (UTC)
[Änneren] Lizenzen oder awer léiwer net ?
Wéi kommen ech an d'Eropluede-Säit dran, well do muss onbedéngt grouss an däitlech uewen de Saz histoe kommen, datt all Bild eng valabel Lizenz MUSS hunn. Wann ee sech déi Säit ukuckt, da kënnt dat engem guer net esou vir. Lo ass den Zirkus amgaangen mat der Foto fir an den "Dieter D."-Artikel, an deem schonns eng Zäitchen eng Foto steet, déi näischt hannen an näischt vir huet. An et geet besonnesch drëm, datt dat ee fir allemol kloer ass. Wann dann ee sech net drun hale wëll, da flitt d'Foto. Merci. --Cornischong 20:55, 27 Mäerz 2007 (UTC)
[Änneren] Portal EU
Kee Problem :) Ech hu bei der Geleenheet och d'Kategorie e bëssen zortéiert, well wann alles an eng Haaptkategorie "Europäesch Unioun" flitt, gëtt dat irgendwann Kuddelmuddel :) Wann irgendeppes feelt oder anescht soll sinn, muss de nëmme Bescheed soen :) EU ass net sou mäi Spezialgebitt, dat woren ëmmer déi Geschichtsstonnen, wou ech gelangweilt aus der Fënster gekuckt hunn, an op bluddeg Massakeren aus dem Ancien Régime gewaart hunn :)) --βρισεισDisk 12:43, 11 Abrëll 2007 (UTC)