Zytoskelett
Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.
D'Zytoskelett besteet aus Proteinfilamenter déi den Zytosol vun enger Zell duerchzéien. Seng Roll ass dräifach:
- et stellt eng mechanesch Stäip fir d'Zell duer a gëtt hir esou From a Stabilitéit
- et erméigelecht den Transport vu Substanzen bannent der Zell
- et ass responsabel fir d'Bewegung vun den Zellen (déi sech bewege kënnen)
Et ginn dräi Gruppe vun Proteinen déi d'Zytoskelett bilden
- Actinfilamenter bestinn aus der polymeriséierter Protein Actin, si kommen ë.a. an de Muskele vir, wou se zesumme mat der Protein Myosin fir d'Muskelkontraktioun verantwortlech sinn.
- Microtubuli bestinn aus der polymeriséierter Protein Tubulin, si hunn ë.a. bei der Zelldeelung eng wichteg Roll well d'Chromosomen vun hinnen auserneegezu ginn.
- Intermediärfilamenter bestinn aus verschiddene Proteinen, z.B. Vimentin. Si hunn déi gréisst mechanesch Stabilitéit a sinn dofir heefeg an Zellen déi grousse mechanesche Konrtainten ausgesat sinn, z.B. am Daarmepithel. Si sinn un den Desmosomen an der Zellmembran verankert.