800 Joer Buurg Clierf
Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.
Informatiounen zum Film
Filmdaten | |
---|---|
Originaltitel: | 800 Joer Buurg Clierf |
Produktiounsland: | Lëtzebuerg |
Produktiounsjoer: | 1981 |
Dauer: | 87 Minutten |
Originalsprooch: | Lëtzebuergesch |
Equipe | |
Regie: | Marc Thoma |
Dréibuch: | Joseph Maertz Henri Hanlet |
Kamera: | Marc Thoma Raymond Reuter |
Musek: | Jean-Pierre Kemmer Guy Schons |
Produzent: | Erny Koener |
Haaptacteuren | |
Fernand Fox als Herold Lex Roth als Erzieler Alain Atten Marja-Leena Juncker |
800 Joer Buurg Clierf ass e Lëtzebuergesche Film vum Marc Thoma aus dem Joer 1981.
[Änneren] Ëm wat geet et am Film?
De Film erzielt d'Geschicht vun der Klierfer Buerg. De Film gouf produzéiert vun engem Klierfer Hotelier dem Erny Koener. Et sollt fir d'éischt e Film vu 45 Minutte ginn, zum Enn goufen et der 87. A Spillszenen ginn 800 Joer Buerg Clierf opgerullt, vum Bau vun der Buerg duerch de Gérard vu Sponheim bis zum Kaf vun de Ruinen am Joer 1956 duerch de Staat.
[Änneren] Wat sot d'Press?
"Jeder mußte eingestehen, daß die Verantwortlichen damit eine sehr große, einmalige Leistung vollbracht hatten, daß hier nichts dem Zufall überlassen worden war, daß es billige Effekthascherei ebensowenig gab wie Nachlässigkeiten." (Luxemburger Wort, 31. Oktober 1981)