Allee tëscht Bruch a Sëll
Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.
D’Allee tëscht Bruch a Sëll steet laanscht d’N8 a besteet aus ronn 250 Lannen, Ahornen a Platanen, déi jonk nei Beem net matgezielt. D'Allee zitt sech iwwert 1,5 km vum Ausgank vu Bruch bis an den Agank vu Sëll.
Wéinst hierem Alter a virun allem wéinst der Längt vun der Allee gehéieren dës Beem zu de bemierkenswäerte Beem zu Lëtzebuerg.
Deen déckste Bam vun der Allee steet zu Sëll bei der Hausnummer 31. Hien hat ëm 2000 (cf Quell 2002) en Emfank, op Broschthéicht, vun 3,51 m bei enger Gréisst vun 28 m.
D’Beem vun dëser Allee goufen 2002 fir d’éischt op d’Lëscht vun de bemierkenswäerte Beem zu Lëtzebuerg gesat.
Geographesch Koordinaten: Bruch 49° 43’ 58.41’’ N
06° 00’ 49.40’’ O bis Sëll 49° 43’ 40.98’’ N
05° 59’ 27.25’’ O.
[Änneren] Quellen
- Sinner, J. et al., 2002. Les arbres remarquables. Administration des eaux et forêts. Musée national d’histoire naturelle. 255 S. (Cf. S. 218-219, Text a Foto).
[Änneren] Kuckt och
- Aner bemierkenswäert Beem an der Gemeng Sëll :