alt.letzebuerger
Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.
alt.letzebuerger ass eng Usenet-Newsgroups déi sech reng a lëtzebuergescher Sprooch ofwéckelt.
Inhaltsverzeechnis |
[Änneren] Geschicht
Den Ufank vun alt.letzebuerger zréck ze verfolgen ass obgrond vun der Usenetstruktur net ganz einfach. Gegrënnt gouf se wahrscheinlech vu Schwäizer ETH Studenten. alt.letzebuerger feiert säi Gebuertsdag den 12. Mee, well deen eelsten Thread (Diskussioun), dee bis elo an den Archiver fonnt gouf, vum 12. Mee 1993 ass.
[Änneren] Géigewaart
Momentan huet alt.letzebuerger ronn eng Dose Stammschreiwer. Am Schnëtt ginn tëscht 50 an 100 Posts am Mount geschriwwen.
[Änneren] Themen
D'Themen an alt.letzebuerger si breed gefächert mat Schwéierpunkt op national Theme wéi grouss Organisatiounen, Wahlen, Handyréseauen, Klaatsch an Traatsch iwwer déi national Politiker an Themen, déi sech um internationale Geschéien orientéieren. Beléift sinn hei sportlech Organisatioune wéi d'Olympesch Spiller oder d'WM an d'EM am Foussball. E gewëssene Minimum vu Manéieren a Respekt vun der Netiquette gëtt verlaangt, mee et gëtt een net auserneegeholl, wann ee mol e Feeler mécht.
[Änneren] Stammschreiwer
Maurice Bjuis - Iechternach, LU
Patrik Dardar - Bouneweg, LU
Thomas Former - Sachsen-Anhalt, DE
Frank Frerker - Lëtzebuerg, LU
Jean Gangolf - Iechternach, LU
Frederico Gentile - Wormer, LU
Thorben Grosser - Konsdref, LU
Steven Hansen - Diddeleng, LU
Armand Jost - Sandweiler, LU
Raymond Kauffmann - Leideleng, LU
Laurent Schmalen - Ettelbréck, LU; Oochen, DE