Balearesch Inselen
Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.
D' Balearesch Inselen (sp: Islas Baleares, cat.: Illes Balears), oder d' Balearen, sinn eng Inselgrupp, déi zu Spuenien gehéieren.
Inhaltsverzeechnis |
[Änneren] Geographie
D'Balearesch Inselen leien am westleche Mëttelmier. Et sinn 151 Inselen, dovunner sinn der just 4 bewunnt. D'Balearesch Inselen hunn eng Fläch vu 4.992 km² an huelen domat 1,0 % vu Spuenien an. D'Haaptstad ass Palma de Mallorca.
[Änneren] Andeelungen
Déi véier gréissten a bewunnten Inselen vun de Balearen sinn: Mallorca, Menorca, Ibiza a Formentera.
Numm | Haaptstad | Provënz | Haaptstad |
---|---|---|---|
Balearesch Inselen | Palma de Mallorca | Balearesch Inselen | Palma de Mallorca |
[Änneren] Geschicht
D'Balearesch Inselen sinn zënter dem 1. Mäerz 1983 eng autonom Gemeinschaft.
[Änneren] Politik
Zënter 2007 ass de Francesc Antich i Oliver (PSOE) President vun de Baleareschen Inselen. Hien ass den Nofolger vum Jaume Matas Palou (PPIB).
D'parlamentaresch Vertriedung vun de Balearen huet am spuenesche Kongress 8 Sëtz, an am Senat der 5.
[Änneren] Demographie
2005 goufen et 983.131 Awunner op de Balearen, dat sinn 2,2 % vun der spuenescher Populatioun.