Ethernet
Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.
Dësen Artikel ass eréischt just eng Skizz. Wann der méi iwwer dëst Thema wësst, sidd der häerzlech invitéiert aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann dir Hëllef braucht beim Schreiwen, da luusst bis an d'FAQ eran. |
Ethernet [ˈi:θənɛt] ass eng spezifesch Form vu lokalen Datennetzer (LAN), déi iwwer Kabel mateneen verbonn sinn. Si berout op der sougenannter BUS-Technik. En Ethernet-Kabelnetz erméiglecht d'Iwwerdrohen an den Austausch vu Daten tëschent allen am lokalen Netz zesummegeschlossenen Komponenten ( Computer, Imprimante, Scanner asw.). A senger traditioneller Form war d'Dimensioun vun engem Ethernet-Netz am Ufank op een eenzegt Gebäi beschränkt. Dat ass haut net méi wouer, well LAN-Netzer opgrond vun de neien Technologien Informatikkomponenten iwwer wäit Strecken ënnerteneen verbonne kënne ginn. E kabelverbonnent LAN darf net mat engem WLAN (Wireless LAN), bei deem d'Netzierkunitéiten net duerch Kabelen mateneen verbonn sinn mä iwwer Funk mateneen kommunizéieren, verwiesselt ginn.