Fédération Nationale des Eclaireurs et Eclaireuses du Luxembourg
Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.
D'Fédération Nationale des Eclaireurs et Eclaireuses du Luxembourg, kuerz FNEL ass déi laizistesch Scoutsorganisatioun vu Lëtzebuerg an gouf 1916 gegrennt.
Inhaltsverzeechnis |
[Änneren] FNEL
- D'FNEL ass op fir jiddereen.
- D'FNEL ass déi laïzistesch Scoutsorganisatioun vu Lëtzebuerg.
- Solidaritéit, Toleranz an Demokratie si Wäerter zu deenen d'FNEL steet.
- Frëndschaft, Spill a Spaass, a Benevolat si Begrëffer déi ontrennbar vum Scoutissem sinn.
- D'Zil vun der FNEL ass, datt di jonk Leit hir eegen Entwécklung selwer an d'Hand huelen fir datt si selbstänneg,
responsabel an engagéiert Bierger ginn. - D'FNEL baséiert sech op d'Scoutsmethod: dem Learning by doing, engem progressiven an dem Alter ugepasste Programm,
dee sech virun allem an der Natur ofspillt, an am Zesummeliewen a klengen Equipen. - Zur Scoutsmethod, no den Iddiën vum Robert Baden-Powell, gehéiert och d'Scoutsverspriechen an d'Scoutsgesetz.
De Scout engagéiert sech fräiwelleg fir d'Wäerter an Ziler vum Scoutissem.
Säi "Gesetz" ass keen Zwank, ma weist him d’Ziler déi mir ustriewen. - D' Motto vun der FNEL as: "Trei zum Land"
- Den Baden-Powell huet dat Wichtegst vum Scoutissem esou charakteriséiert :
" But the real way to get happiness is by giving out happiness to other people. Try and leave this world a little better than you found it.. ".
[Änneren] Den Opbau vun der FNEL
[Änneren] Formatioun
Der FNEL hier Cheffen si benevol a maachen eng Formatioun déi 2 Joer dauert,
aus prakteschen an theoretesche Couren besteet a vum Staat unerkannt ass
(Brevet d'aide animateur resp. Brevet d'animateur).
Hei e puer Beispiller vu Couren, déi 5 bis 6 Deeg pro Joer daueren:
- Wéi organiséieren ech e Camp, eng Versammlung?
- D'Entwecklung vum Kand oder vum Jugendlechen.
- Animatioun
- Naturpädagogie
- Progressioun vum Kand oder vum Jugendlechen.
- Administratioun
- Communikatioun.
- Scoutstechniken:
- Kaart a Kompass
- Hygiène
- Spiller
- Lidder
- Bastelen
- Kniet.
[Änneren] Gruppen
D'FNEL besteet aus enger ganzer Rei méi oder wéineger grousse Gruppen, déi sech virun allem no hirer geographescher Lag andeelen. Opfälleg fier d' FNEL as dass dei enzel Gruppen meeschtens Déierennimm hun.
- Les Aigles, Stad Lëtzebuerg
- Bisons futés, Fréiseng
- Campeuses Bronzées/Diables Mauves, Stad Lëtzebuerg
- Les Castors, Schëtter
- Dachsen, Dippech
- Daereldeieren, Briddel
- Deckelsmouken, Stengefort
- Eclaireurs d'Echternach, Iechternach
- Eilerenger Feldmeis, Éilereng
- Melusina-Fiiss, Stad Lëtzebuerg
- Gréng Scouten a Guiden, Diddeleng
- Les Hirsch, Kolmer-Bierg
- Hoga, Stad Lëtzebuerg
- Kiewerlecken, Stroossen
- Lions Bleus, Stad Lëtzebuerg
- Les Loups Blancs, Stad Lëtzebuerg
- Les Loutres, Miersch
- Lussig Quaichlecken, Iechternach
- Panthères Noires, Luerenzweiler
- Les Peaux Rouges, Diddeleng
- Piwitschen, Cap
- Rammericher Fräschen, Rammerich
- Robert Schuman, Stad Lëtzebuerg
- Telstar, Stad Lëtzebuerg
- Well Säi, Steesel
- Wiselen, Mamer
[Änneren] Branchen
Déi eenzel Gruppen hirersäits bestinn aus de folgende Branchen:
- Beaver................Meedecher a Jongen vun 6 bis 8 Joer.
- Wëllefcher...........Meedercher a Jongen vun 8 bis 11 Joer.
- Scouten/Guiden....Meedercher a Jongen vun 11 bis 15 Joer
- Explorer.............Jonker tëscht 15 an 18 Joer.
- Rover.................Erwuessener zwëschen 19 bis 26 Joer
[Änneren] Comité
[Änneren] Amicale
Si besteet aus ale Memberen, Elteren a Frënn. Si organiséiert grouss Aktivitéiten an ënnerstëtzt de Grupp finanziell.
[Änneren] Geschicht
1916 di sech eenzel Scoutsgruppen zesummen a grënnen de 16. Juli d'Fédération Nationale des Eclaireurs du Luxembourg.
1966 hëlt d'Fédération Nationale des Eclaireurs du Luxembourg och Meedercher an hire Mouvement op.
Dofir ännert si 1976 hiren Numm an "Fédération Nationale des Eclaireurs et Eclaireuses du Luxembourg".
[Änneren] Um Spaweck
- D'Websäit vum Grupp Les Aigles; Guiden a Scouten aus dem Rollingergronn
- D'Websäit vun de Bisons futés vu Freiseng
- Websäit vun den CB-DM aus der Staat
- Websäit vun den Dachsen vun Dippech
- D'Websäit vun de Grénge Scouten a Guiden vun Diddeleng
- D'Websäit vun der HOGA; Guiden a Scouten vun Hollerech - Gare
- D'Websäit vun de Kiewerlecken vu Stroossen
- D'Websäit vun de Däreldeieren vum Briddel
- D'Websäit vun de Mamer Wiselen Guiden a Scouten FNEL
- D'Websäit vum Grupp Les Peaux-Rouges Diddeléng
- Websäit vun de Panthères Noires vu Luerenzweiler
- Websäit vun de Piwitschen vu Kapellen
- Websäit vun de Lions Bleus vu Bouneweg