Wikipedia:FAQ Lieser
Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.
Wikipedia-FAQ-Sammlung
Generell FAQ | Lieser | FAQ fir déi, déi matschaffen | zu Diskussiounssäiten | zu Biller | Administratioun | Technesch FAQ | Rechtleches
[Änneren] F. Wéi sichen ech en Artikel an der Wikipedia ?
- E. Kuckt Hëllef:Wéi sichen ech eng Säit fir all d'Méiglechkeeten, wéi een en Artikel an der Wikipedia siche kann, oder wéi een d'Wikipedia einfach nëmmen "duerchbliedere" kann, ouni elo no eppes Bestëmmtenem ze sichen.
[Änneren] F. Vu datt jiddereen är Artikele verännere kann, wéi kann ech dem Contenu nach trauen ?
- E1. Gitt näischt op dat, wat dir hei liest. Dat gëllt awer natierlech net nëmme fir d'Wikipedia, mee fir all Enzyklopädien, esouguer fir déi renomméiersten (cf. Making fun of Britannica).
- E2. Wéi bei all Experiment, dat sech op d'Fräiheet baséiert, kann een unhuelen, datt d'individuell Intérêten op e kollektiven Intérêt histeieren. Tatsächlech kéint ee mengen, datt d'Leit, déi sech op Wikipedia connectéieren, wëssensbegiereg sinn, a sou ëmmer een do ass, fir e Feeler ze verbesseren.
- E3. Egal wéi soll all Artikel ëmmer op säi Contenu jugéiert ginn, an net no sengem Auteur.
[Änneren] F. Wat kann ech mat externe Links ufänken, soulaang wéi de Contenu net kopéiert gëtt ?
- E. Kee Problem bei den externe Links. Sie droen zum Contenu vu Wikipedia bäi. Déi meescht Wikipedianer sinn trotzdem der Meenung, datt en Artikel net nëmmen aus externe Links bestoe sollt, well Wikipedia soll net nach een Internet-Portal ginn... De Préference ginn dës Links um Enn vum Artikel an der spezieller Sektioun "Links" ernimmt.
[Änneren] F. Wat sinn d'bibliographesch Referenzen ?
- E. Do gëtt et näischt Spezielles ze soen. Internet, Enzyklopädien, Coursen, eegent Wëssen. Jiddereen huet Connaissancen an engem Domaine, a kann déi och hei bäidroen.
[Änneren] F. Gëtt et Wikipedia och eemol op Pabeier ?
- E. Mir denken doriwwer no.
[Änneren] F. Wisou gëtt et keen Chat, dat géif heiansdo méi séier goen?
- E. Op der Wikipedia selwer gëtt et just d'Diskussiounssäite vun deenen eenzele User a vun de jeweilegen Artikelen, fir datt d'Wikipedianer och mateneen diskutéiere kënne, wa se mol net alleguerte gläichzäiteg online sinn, wat souwisou éischter seelen de Fall ass. En Chat gëtt et awer och, just ass deen net op der Wikipedia, mee um Freenode Netzwierk, a Form vun e puer IRC-Kanäl (klickt hei fir Detailer).