ON AMAZON:



https://www.amazon.com/Voice-Desert-Valerio-Stefano-ebook/dp/B0CJLZ2QY5/



https://www.amazon.it/dp/B0CT9YL557

We support WINRAR [What is this] - [Download .exe file(s) for Windows]

CLASSICISTRANIERI HOME PAGE - YOUTUBE CHANNEL
SITEMAP
Audiobooks by Valerio Di Stefano: Single Download - Complete Download [TAR] [WIM] [ZIP] [RAR] - Alphabetical Download  [TAR] [WIM] [ZIP] [RAR] - Download Instructions

Make a donation: IBAN: IT36M0708677020000000008016 - BIC/SWIFT:  ICRAITRRU60 - VALERIO DI STEFANO or
Privacy Policy Cookie Policy Terms and Conditions
J. R. R. Tolkien - Wikipedia, déi fräi Enzyklopedie

J. R. R. Tolkien

Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.

Den John Ronald Reuel Tolkien (* 3. Januar 1892 zu Bloemfontein, heitegt Südafrika; † 2. September 1973 zu Bournemouth, England) war en englesche Schrëftsteller a Philolog. Mam Roman The Lord of the Rings (1954/55) gouf hien zu engem Grënner vun der moderner Fantasy-Literatur.

J. R. R. Tolkien 1916
J. R. R. Tolkien 1916

Inhaltsverzeechnis

[Änneren] Säi Liewen

[Änneren] Kandheet a Jugend

Den J. R. R. Tolkien kënnt am Joer 1892 als Jong vun engleschen Elteren, dem Bankmanagers Arthur Tolkien a senger Fra Mabel Suffield, zu Bloemfontein im Oranje-Fräistaat (haut Südafrika) op d'Welt, wou sech säi Papp aus beruffleche Grënn opgehalen huet. D'Famill vum Papp huet sächsesch Wuerzelen (den Numm Tolkien kënnt vum däitsche Wuert tollkühn), mee huet awer schonn zanter e puer Generatiounen an England gewunnt. Déi meeschte Virfare vum Tolkien waren Handwierker.

A senger fréier Kandheet ass bis op de Bass vun enger Vugelspann, wat e méiglechen Ausléiser dofir kéint sinn, datt a senge Wierker ëmmer nees Risespannen optrieden, net vill geschitt. 1895 kënnt hie mat senger Mamm, déi dat afrikanescht Klima net gutt verdréit, a sengem Brudder Hilary (*1894) fir eng Vakanz op Birmingham (England). Do krut seng Mamm am Joer drops d'Noriicht vum Doud vun hirem Mann, duerch schwéier ënner Bluddungen. D'Famill plënnert doropshin op Sarehole Mill, engem Viruert vu Birmingham, deen zu dësem Zäitpunkt nach vun der Industrialiséierung verschount bliwwe war. Déi nächst véier Joer verbréngt den Tolkien an dëser ländlecher Idyll, déi spéider d'literaresch Virlag fir de Shire sollt ginn. Hei héiert hien och vir d'éischt d'Wuert Gamgee fir Baamwoll, wat spéider zum Numm vun engem Hobbit-Protagonist a sengem Haaptwierk The Lord of the Rings wäert ginn.

Seng Mamm, déi 1900 géint de Wëlle vun hiren Elteren a Schwéierelteren zum Katholizismus konvertéiert, erzitt hien an hirem Glawen. Dës Grondprägung vun enger Weltanschauung sollt sech duerch dem Tolkien säi ganzt Liewen zéien, an och Auswierkungen op säi Wierk hunn.

Well hie fréi en Interessi u Sprooche weist, bréngt seng Mamm himm Grondlagen aus dem Laténgeschen, dem Franséischen an dem Däitsche bäi. Duerch si léiert hien och d'Geschichte vum Lewis Carroll (Alice's Adventures in Wonderland), d' Artus-So an d'Mäerchebicher vum Andrew Lang kennen, an denen hie fir d'éischt vun den nordesche Soe ronderëm de Siegfried héiert.

Tëscht 1900 an 1902 plënnert den Tolkien mat senger Mamm e puermol zu Birmingham hin an hier, als éischt an den Deel Moseley, dann op King's Heath, wou hien duerch déi ongewinnte Nimm op de Kuelewaggonen fir d'éischte Kéier Walisesch liest, a schliisslech op Edgbaston.

Den Tolkien mécht eng Odyssee duerch verschidde Schoulen: nodeems en un der King Edward's School ugeholl gi war, wiesselt hien 1902 op d'St. Philips Grammar School, fir dann 1903 mat engem Stipendium nees op d'King Edward's School zeréckzegoen. Do léiert hien nieft de klassesche Sprooche Latäin a Griichesch duerch en engagéierte Schoulmeeschter och Mëttelenglesch.

De 14. November 1904, den Tolkien huet zwielef Joer, stierft seng Mamm fir hien total iwwerraschend un engem diabetesche Koma no sechs Deeg. Dëse fréien Doud bewierkt beim Tolkien zwou Saachen: Engersäits eng staark emotional Verbonnenheet mat der kathoulescher Kierch an anerersäits eng pessimistesch Grondhaltung, an d'Virstellung datt dës Welt onwiderruflech gefall ass, an all Victoire dat Däischtert nëmme fir e kuerze Moment méi hell maache kann.

Déi zwee Bridder kommen aus éischt bei de Pater Francis Morgan, deen si um Ufank bei hirer Tatta Beatrice Bartlett ënnerbréngt, spéider bei enger Pensiounswiertsfra déi eng Frëndin vun him war. Do léiert den Tolkien 1908 seng spéider Fra Edith Bratt kennen, an dat hien sech séier verkuckt. Dës geheim Affär flitt awer op, an den Tolkien gëtt vu sengem Tuteur gezwongen, d'Edith net méi erëmzegesinn, bis hie volljäreg ass (also 21 Joer huet). Dëst huet nach dräi Joer gedauert. Doduercher verwandelt sech d'jugendlech Romanz an eng tragesch Liebesgeschicht, déi den Tolkien spéider a senger So vum Beren a Lúthien literaresch verschafft huet.

An der Schoul gëtt den Tolkien duerch säi Rektor net nëmmen op d'Philologie opmierksam, mee léiert duerch ee Schoulmeeschter och d'Aalt Englesch kennen. Zu dëser Zäit liest hie fir d'éischt en Häerzstéck aus der alenglescher Literatur, d'Gedicht Beowulf, an ass direkt begeeschtert. Am Mëttelenglesche mécht hie sech seler mat den Dichtungen Sir Gawain and the Green Knight a Pearl vertraut. Iwwer dës dräi Wierker wäert hie spéider bedeitend akademesch Aarbechte schreiwen. Schliisslech interesséiert hien sech och fir déi Alnordesch Sprooch fir d'Geschicht vum Sigurd an dem Draach Fafnir, déi hien als Kand esou faszinéiert hat, am Original kënnen ze liesen.

Duerch déi nei philologesch Erkenntnisser fänkt den Tolkien séier un, eege Sproochen z'erfannen, déi awer op sengem bis zu dësem Zäitpunkt scho gudde Wëssen iwwert d'linguistesch Entwëcklungsprinzipie berouen. Fréi Versich baséiert hien um Spueneschen, mee wéi hien duerch e Schoulkolleg op dat Gotescht opmierksam gëtt, fänkt hien net nëmmen un, d'Lücken an dëser doudeger Sprooch selbststänneg opzefëllen, mee och dat Gotescht op eng hypothetesch Ursprooch zeréckzeféieren.

Dës enk Beschäftegung mat Sprooche weist sech och geschwënn an der Schoul, wou den Tolkien seng Nolauschterer bei den Debatten (deemools meeschtens op Latäin) mat fléissenden Exposeen op griichesch, gotesch oder alenglesch iwwerrascht.

Am Summer 1911 grënnt den Tolkien mat e puer Kollegen, dorënner de Christopher Wiseman, de Robert Quilter Gilson an den Geoffrey Bache Smith, den T.C.B.S. (Tea Club – Barrovian Society), eng informell Gemeinschaft vu Frënn, déi sech am Ufank an der Schoulbibliothéik, spéider dann am Barrow's Stores regelmässeg treffen, fir mateneen iwwert Literatur ze diskutéieren. Zu dëser Zäit a méiglecherweis duerch den T.C.B.S. inspiréiert, fänkt den Tolkien am Eescht domadder un, Gedichter ze schreiwen, an dene fir d'éischt Feeëwiesen (fairies) am Bëschland optrieden. E méiglechen Ustouss dozou kéinten déi mystesch Wierker vum kathouleschen Dichter Francis Thompson gewiescht sinn, mat denen sech den Tolkien zu dëser Zäit ausenanergesat huet.

No engem Echec 1909 geléngt et him am Dezember 1910, e Stipendium vum Exeter College zu Oxford ze kréien. Mam Wëssen datt seng onmëttelbar Zukunft domadder geséchert ass, geet den Tolkien an de Rescht vu senger Schoulzäit, wou hien ënner anerem duerch d'finnescht Nationalepos Kalevala op d'Finnesch Sprooch opmierksam gëtt, op deeër hie spéider seng Konschtsprooch Quenya opbaut. Trotz senger spéiderer Ofneigung géint den Theater hëlt den Tolkien gären d'Roll vum Hermes an enger Opféierung vum Theaterstéck De Fridden (Aristophanes) un, a geet och am Dezember 1911 nach eemol fir eng Opféierung vum Stéck The Rivals (R. B. Sheridan) duerch Membere vum T.C.B.S., wou hien d'Roll vun der Mrs. Malaprop iwwerhëlt, u seng al Schoul zeréck.

An der Zäit no der Schoul bis e seng Studien ufänkt, geet den Tolkien zesumme mat sengem Brudder an e puer anere Kollegen op eng Wandertour an d'Schwäiz. Eng Postkaart mam Numm Der Berggeist, op deeër een ale Mann deen ënnert enger Kiefer op engem Fiels sëtzt, duergestallt ass (d'Bild staamt vum däitsche Moler Josef Madlener aus Memmingen), gëtt no senge spéideren Ugaben d'Inspiratioun fir d'Figur vum Zauberer Gandalf a senger egener Welt Middle-earth.

[Änneren] Studienzäit

Am Oktober 1911 fängt den Tolkien säi Studium um Exeter College zu Oxford un, fir d'éischt am Fach Classics, dem Studium vun de klassesche Sprooche Latäin a Griichesch an hirer Literatur, mee hie langweilt sech awer séier. Nëmmen d'»Sproochwëssenschaft déi vergläicht« ka säin Interesse op sech zéien, säi Professer an dësem Fach weist hien op d'Walisescht hin, deem sech den Tolkien doropshi begeeschtert zouwent.

No senger Summervakanz 1912, déi hie bei King Edward's Horse, engem Kavallerieregiment, haaptsächlech am Suedel verbréngt (wat e wéineg Liicht op d'Optriede vun der Reiderkultur vu Rohan am Lord of the Rings werfe kéint), geet hien zeréck op Oxford. Hei fänkt hie geschwënn un, sech mam Finneschen ausenanerzesetzen. Dësen Afloss weist sech och doranner, datt e säi Projet vun enger Konschtsprooch déi op dem Goteschen opgebaut ass, opgëtt, a sech u senger neier Lieblingssprooch orientéiert. D'Resultat sollt Jore méi spéit als Quenya, Héichsprooch vun den Elben, Agank a seng mythologesch Welt Middle-earth fannen.

Chrëschtdag 1912 verbréngt den Tolkien bei senger Famill, wou en no enger englescher Chrëschtdagstraditioun als Regisseur an Haaptduersteller en Theaterstéck wat e selwer geschriwwen huet, opféiert - eng bemierkenswert Tatsaach wann ee seng spéider Ofneigung géint den Drama bedenkt.

Den 3. Januar 1913, dem Dag vu senger Volljäregkeet, schreift hie fir d'éischte Kéier nees senger Jugendléift Edith, mee muss awer gewuer ginn, datt si sech an der Tëschenzäit mam Brudder vun enger Schoulfrëndin verlobt huet. Hien huet net wëlles, seng grouss Léift opzeginn, a geet perséinlech bei d'Edith, wou e si iwwerzeege kann, hir Entscheedung z'iwwerdenken. Ee Joer méi spéit, nodeems och d'Edith der kathoulescher Kierch bäigetrueden ass, gi si offiziell verlobt an zwee Joer duerno, den 22. Januar 1916, bestuet.

Säin akademesche Wee verleeft an der Tëschenzäit net ouni Problemer. Well hien d'eigentlech Matière zu Gonschte vu senge ville Sproochinteresse vernoléissegt, schléisst hien d'Tëscheprüfung no zwee Joer Studium mat engem »Second« of, wouriwwer hien enttäuscht ass (vergläichbar mat enger Lëtzebuergescher »Zwee«). Op Ureegung vu sengem College, wou säin Interesse fir germanesch Sproochen opgefall war, wiesselt hien op d'Institut fir englesch Sprooch a Literatur. Do liest hien am Kader vum usprochsvollen alenglesche Literaturkanon d'Wierk Crist vum angelsächseschen Dichter Cynewulf (fréit 8. Joerhonnert), eng Sammlung vu reliéiser Dichtung. Zwou Zeile vun dësem Gedicht sollten hie staark beaflossen:

Eala Earendel engla beorhtast
ofer middangeard monnum sended
Heel dir Earendel, stralendsten Engel,
iwwer Mëtteläerd de Mënsche geschéckt

Mat »middangeard« oder »Mëtteläerd« ass hei d'Welt vun de Mënsche gemengt. Traditionell als »Liichtstral« iwwersat, gleeft den Tolkien datt den Numm »Earendel« op de Morgenstern, d'Venus, hiweist, dee mat sengem Opgoen d'Enn vun der Nuecht an den Ufank vum Dag ukënnegt. Hie selwer beschreift d'Wierkung vun dësen Zeilen op sech esou:

I felt a curious thrill, as if something had stirred in me, half wakened from sleep. There was something very remote and strange and beautiful behind those words, [...] far beyond ancient English.

Dësen Zäitpunkt ka virsichteg als Gebuertsstonn vu senger Mythologie ugesat ginn, schonn e Joer méi spéit schreift hien d'Gedicht The Voyage of Earendel the Evening Star, wat mat den uewen zitéierten Zeilen ufänkt, an de Keim vu senger Middle-earth-Mythologie bilt.

Seng weider Studienzäit verleeft ouni gréisser Evenementer - ofgesi vun de weideren Treffe mat senge Frënn vum T.C.B.S., déi hien a sengen dichteresche Beméiungen ënnerstëtzen. Eng Anekdot aus dëser Zäit werft e Liicht op déi och nach spéider fir den Tolkien charakteristesch Aarbechtsmanéier: Op d'Fro vu sengem Frënd G. B. Smith nom Hannergrond vu sengem Earendel-Gedicht äntwert den Tolkien:  »I don't know. I'll try to find out.« Dës Siicht vum Schreiwen net als Neischafung mee als Entdeckungsrees bleift charakteristesch säi Liewe laang. Nom Ausbroch vum Éischte Weltkrich, an der zweeter Juniwoch 1915, schléisst hie säi Studium of – dës Kéier mat Auszeechnung (»First Class Honours«).

[Änneren] Den éischte Weltkrich

Hie gëtt als Offizéier fir d'Signalwiesen am 11. Bataillon vum Regiment vun de »Lancashire Fusiliers« geruff an hëllt zanter dem Summer 1916 duerch aktiven Dingscht un der Front un der Schluecht un der Somme deel, der bluddegster Schluecht am Éischte Weltkrich.

Déi onmëttelbar Erfahrung mat de Grausamkeete vum Stellungskrich trëfft hien déif a léist den Abroch vum Béisen an eng friddlech Welt zu engem Grondthema vu sengem Liewen a senger Literatur ginn. De 27. Oktober 1916 weist hien awer Symptomer vu Fleckféiwer wat duerch Lais iwwerdro gëtt, a gëtt den 8. November zur Behandlung an England verschëfft.

Während dëser Auszäit fir nees gesond ze ginn, fir d'éischt zu Birmingham an dono zu Great Haywood, gëtt hien den Doud vu sengem T.-C.-B.-S.-Kolleg G. B. Smith gewuer, nodeems hien nach a Frankräich scho vum Doud vu sengem Schoulfrënd Rob Gilson a Kenntnis gesat gi war. De leschte Bréif vum Smith hält op mat de bewegenden Zeilen: »May God bless you, my dear John Ronald, and may you say the things I have tried to say long after I am not there to say them, if such be my lot.« Fir den Tolkien ginn si zum Vermiechtnes.

Hie fängt mat engem Projet un, wat an der Literaturgeschicht ouni grouss Virbilder dosteet, der Erschafung vun engem vollstännegen Soenzyklus, dee mat näischt manner wéi der Schöpfung vun enger Welt ugeet. Mat der Néierschrëft vum The Book of Lost Tales, dat an dëser Form eréischt postum duerch säi Jong Christopher verëffentlecht wäert ginn, existéieren fir d'éischte Kéier gréisser Deler vun senger Mythologie déi e spéider am The Silmarillion ausschafft.

Hei benotzt hien och fir d'éischte Kéier konsequent d'Sproochen déi hien erfonnt huet, besonnesch Quenya, wat op dem Finnische baséiert a Sindarin, wat op d'Walisescht zeréckgeet. Déi zwou setzt hien elo als Sprooch vun den Elben a Middle-earth an.

Währenddeems schwankt säi Gesondheetszoustand, an d'Gefor nees zeréck un d'Front geschéckt ze ginn, schwieft permanent iwwert him. Temporär op Yorkshire versat, gëtt hie geschwënn nees krank a gëtt an d'Sanatorium Harrogate verluecht. Nodeems en nees gesond ass, gëtt en op eng Signalschoul am Nordoste geschéckt, mee gëtt awer nees krank a kënnt dës Kéier an d'Offizéierspidol zu Kingston upon Hull.

Während dëser Zäit, de 16. November 1917, kënnt dat éischt gemeinsamt Kand op d'Welt, deen zu Éiere vum Pater Francis op den Numm John Francis Reuel gedeeft gëtt. Am Oktober 1920 kënnt de Michael Hilary Reuel, am November 1924 de Christopher Reuel a schliisslech 1929 d'Duechter Priscilla Mary dobäi. D'Zäit no der Gebuert vu sengem éischte Jong ass duerch glécklech Momenter geprägt: Bei Landausflig duerch d'Bëscher an der Géigend séngt an danzt d'Edith fir hien - dorausser entsteet schliisslech d'Geschicht vun der grousser Léift tëscht dem stierflechen Helden Beren an der wonnerschéiner, mee onstierflecher Elbin Lúthien, déi als ee Mëttelpunkt vum Silmarillion gëlle kann.

No weidere Versetzungen am Joer 1918, zum Beispill op Penkridge an der Grofschaft Staffordshire an nees zeréck op Hull, gëtt hien op en Neits krank, a gëtt nees an d'Offizéierspidol bruecht. Hien notzt dës Zäit, fir sech nieft der Aarbecht u senger Mythologie e bësse Russesch bäizebréngen. No senger Entloossung am Oktober steet schliisslech fest, datt de Krich op en Enn zougeet. Op der Sich no Aarbecht adresséiert hien sech un e fréiere Professer vun Oxford, de William Craigie, deen him eng Plaz beim New English Dictionary verschaaft, sou datt den Tolkien am November 1918 mat Fra a Kand op Oxford plënnert.

[Änneren] Fréi Beruffsjoren

Northmoor Road 22, wou d'Famill Tolkien bis 1930 gewunnt huet
Northmoor Road 22, wou d'Famill Tolkien bis 1930 gewunnt huet

Och wann sech a senger Satir Farmer Giles of Ham e puer ironesch Uspillungen op seng Zäit beim New English Dictionary fannen, ass dëst dach insgesamt eng glécklech Zäit. Fir d'éischte Kéier liewt hien dauerhaft mam Edith an engem egenen Haus zesummen, a säi Beruff regt hien intellektuell un. Spéider wäert hien iwwert déi Zwee Joer wou hien un der Produktioun vum Wierderbuch bedeelegt ass, soen, en hätt zu kenger Zäit vu sengem Liewen méi geléiert. Seng Aarbecht fëllt awer net säi ganzen Dag, sou dass hien nierwebäi nach Zäit fënnt, als Privatprofesser Studenten z'ënnerriichten. Dës Aarbecht ass lukrativ genuch, sou dass hien 1920 beim New English Dictionary ophale kann.

Mee och wa seng finanziell Situatioun akzeptabel ass, huet den Tolkien säi Wonsch, eng akademesch Carrière unzetrieden, net opginn. Do ergëtt sech iwwerraschend am Summer 1920 eng Méiglechkeet: Zu Leeds ass eng Plaz fir e »Reader« um Institut fir englesch Sprooch fräi ginn. Obschonns hien am Ufank skeptesch iwwert seng Chancen nodenkt, kritt hien d'Plaz. Dëst bedeit awer och eng weider Trennung vum Edith, déi mat den elo zwee Bouwen zu Oxford bleift, bis si 1921 noplënnere kënnen.

Vu sengem Virgesetzte gëtt hie fir d'éischt mat der Organisatioun vum Studieplang fir Al- a Mëttelenglesch betraut. Donieft schafft hien zesumme mat sengem Kolleg Eric V. Gordon un enger Neieditioun vum mëttelenglesche Gedicht Sir Gawain and the Green Knight, déi no hirer Verëffentlechung 1925 séier als erausragende Bäitrag fir d'mëttelenglesch Philologie gëllt.

Och privat kommen sech déi zwee Kollege méi no a grënne mat Studenten de Viking-Club, an deem ausser enger gudder Portioun Béier alnordesch Drénklidder mat deelweis nawell raue Gesäng an alenglescher Sprooch am Mëttelpunkt stinn. Dëst dréit wuel zu enger gudder Partie zu der Beléiftheet vum Tolkien bei senge Studente bäi. No véier Joer zu Leeds gëtt den Tolkien 1924 zum Professer befördert.

An de Gedichter aus dëser Zäit fanne sech déi éischt Hiweiser op Kreaturen, déi spéider a senger Middle-earth-Mythologie hir Plaz fanne wäerten: D'Gedicht Glib zum Beispill beschreiwt e schläimegt Wiese mat An déi schwaach liichten, a wat an enger Höhl liewt, an erënnert domadder un d'Figur vum Gollum. Seng »seriö« Mythologie, haut am Book of Lost Tales ze fannen, ass bal fäerdeg. Zwou vun de Soen, d'Geschicht vum Turin Turambar an d'Erzielung vum Lúthien a Beren wielt hien aus, fir si an eng ausféierlech Gedichtsform z'iwwersetzen.

1925 gëtt plëtzlech d'Plaz vum Rawlinson a Bosworth Léierstull fir Angelsächsesch zu Oxford fräi. Den Tolkien mellt sech a kritt, wuel ënner anerem duerch d'Reputatioun vu senger Sir Gawain-Iwwersetzung, de Posten zougesot.

Déi nächst Jore verlafen no baussen hin ouni bedeitend Evenementer: 1926 grënnt den Tolkien am Kollegekrees d'Kolbitar (Islännesch fir Kuelebäisser), eng informell Ronn, déi sech regelméisseg gesäit, fir d'islännesch Sagas an der alnordescher Originalsprooch ze liesen. Zanter 1927 gehéiert zu dëser Grupp och de Clive Staples Lewis, zanter 1926 e Kolleg vum Tolkien, dee geschwënn zu sengem enkste Frënd gëtt. De Lewis ënnerstëtzt hien och bei enger Léierplangreform, déi méi e staarkt Gewiicht op d'Verbannung vu Sprooch- a Literaturwëssenschaft leet, an déi, vum Tolkien initiéiert, 1931 vun der Fakultéit ugeholl gëtt.

Mee et sollt net säi beruffleche Succès sinn, deen den Tolkien berühmt gemaach huet. Seng zwee Haaptwierker, den Hobbit an de Lord of the Rings hunn hier Wuerzel am Familiekrees, an der Roll vum Papp, déi den Tolkien virbildlech géigeniwwer vu senger Kanner ausfëllt.

[Änneren] The Hobbit an The Lord of the Rings

An de fréien 1920er an 1930er Jore fänkt den Tolkien un, senge Kanner regelméisseg fantasievoll Geschichten z'erzielen, déi allerdéngs meeschtens baussent der Mythewelt spillen, un deeër hien zu dëser Zäit schonn eeschthaft schafft. Aus dëser Zäit stamen ënner anerem d'Erzielung Roverandom, déi op d'Verschwanne vun engem Spillhond vu sengem zweete Jong Michael zeréckgeet. Während sech an dëser Erzielung nëmmen een oder zwee kryptesch, deemools nëmme fir hie verständlech Bezugnamen op d'gréisser Mythologie fannen, verweist d'Geschicht The Hobbit: or There and Back Again déi hien 1930 ufänkt schonn op méi Evenementer aus senger eeschter Mythologie, an den Allusiounen op d'Elbestad Gondolin an d'Figur vum Nekromant, déi zu dëser Zäit schonn en Deel vu senger am éischten Zäitalter vu Middle-earth ugesidelt Soewelt ass. Duerch Vermëttlung vun enger ehemoleger Studentin gëtt de Verlag Allen&Unwin op seng Erzielung opmierksam, an no enger begeeschterter Rezensioun duerch de Jong vum Editeur, de Rayner Unwin, gëtt si am Joer 1937 verëffentlecht. Op den dringende Wonsch vu sengem Verlag fänkt den Tolkien mat der Aarbecht vun enger Suite un, déi am Ufank, genee wéi den Hobbit, als Kannerbuch ugeluecht ass.

Um Enn vun den drësseger Joren an no enger Inspiratioun duerch de Clive Staples Lewis, dee mat him elo am literareschen Zierkel vun den »Inklings« verbonnen ass, enger Grupp, zu deeër nieft Lewis an Tolkien och den Charles Williams, den Owen Barfield, den Hugo Dyson an den Adam Fox gehéieren, hält hien de Virtrag On Fairy-Stories, dee vill Beuechtung kritt, an an deem hien d'Grondsätz vum spéidere Fantasy-Genre beschreiwt, a sech energesch géint Virwërf vun Eskapismus (Realitéitsflucht) verdeedegt.

Während dem Zweete Weltkrich zitt sech d'Aarbecht u sengem Nofolgerprojet fir den Hobbit hin, wat elo den Numm The Lord of the Rings huet, mee e gëtt awer ëmmer nees duerch aner Aufgaben ënnerbrach.

1945 wiesselt hien, ëmmer nach zu Oxford, op d'Professur fir Anglistik. Eréischt am Joer 1954 gëtt de Lord of the Rings endlech verëffentlecht. D'Verzögerung hat engersäits mam Tolkien sengem Perfektionismus, an anerersäits och mat sengem Wonsch vun engem Wiessel vum Verlag ze dinn, den duerch d'vermeitlech Ofso vu sengem eeschte Mythewierk The Silmarillion motivéiert war. Wéi säin alen Editeur Allen&Unwin en Ultimatum fir d'Verëffentlechung vu senger Gesamtmythologie (The Lord of the Rings an The Silmarillion) ouni Méiglechkeet zur Usiicht vum Manuskript ofleent, wend sech den Tolkien un d'Verlagshaus Collins.

Obschonns déi am Ufank nach enthusiastesch sinn, bestinn si op grouss Kierzungen, zu denen den Tolkien net bereed ass, an sou geet hien nees zeréck zu sengem ale Verlag. De Rayner Unwin, den als Kand den Hobbit gelies hat, ass mëttlerweil Junior-Editeur, an hëlt d'Buch ouni weider Korrekturen un.

Nodeems d'Präisser fir Pabéier nom Krich an England extrem an d'Lut gaange waren, gëtt d'Wierk an dräi Bänn erausbruecht (The Fellowship of the Ring, The Two Towers, The Return of the King), sou datt all Eenzelband zu raisonnable Präisser kann ugebuede ginn. Doduerch gëtt och haut nach fälschlerweis vun enger Trilogie geschwat, eng Bezeechnung déi den Tolkien säi Liewe laang ofgeleent huet, well hien d'Wierk a sechs Bicher ënnerdeelt hat.

Um Ufank vun de 1960er kënnt an den USA eng net autoriséiert Kopie vum The Lord of the Rings eraus, a léist eng Kultbewegung ënnert de Studenten aus, déi den Tolkien séier zu enger Berühmtheet mécht.

[Änneren] Lescht Joren

D'Graf vum Edith an J.R.R. Tolkien zu Oxford
D'Graf vum Edith an J.R.R. Tolkien zu Oxford

Säi weidert Liewe verbréngt hie mam Ausaarbechte vum Silmarillion, wat hien awer bis zu sengem Liewensenn net méi fäerdeg kritt, a wat säi Jong Christopher Tolkien no sengem Doud erausbrénge wäert.

Fir e puer Joer plënneren hien a seng Fra an d'englesch Séibad Bournemouth. Do stierwt d'Edith am Joer 1971, wouropshin den Tolkien zeréck op Oxford geet. Zwee Joer méi spéit stierwt och heen am Alter vun 81 Joer no kuerzer Krankheet an engem private Spidol zu Bournemouth, wou hie fir eng kuerz Vakanz zeréckgefuer war. D'Graf vun denen zwee läit um kathouleschen Deel vum Jordan Hill Cemetery zu Oxford; op hiere Grafsteng stinn, nieft hire Nimm, och d'Nimm Beren a Lúthien.

Scho virum Doud vu sengem Papp hat de Christopher Tolkien d'Schrëftstécker vu sengem Papp beaarbecht an huet zanter 1977 ënner anerem de Silmarillion a vun 1983 bis 1996 och eng History of Middle-Earth erausbruecht.

[Änneren] Säi Wierk

[Änneren] Akademesch Wierker

  • A Middle English Vocabulary 1922
  • Some Contributions to Middle-English Lexicography 1925
  • The Devil's Coach Horses 1925
  • Editioun vun Sir Gawain and the Green Knight 1925
  • Ancrene Wisse and Hali Meiðhad 1929
  • Sigelwara Land Deeler I/II 1932/1934
  • Chaucer as a Philologist: The Reeve's Tale 1935
  • Beowulf: The Monsters and the Critics 1936
  • Sir Orfeo 1944
  • "Iþþlen" in Sawles Warde 1947
  • On Fairy-Stories 1947
  • The Homecoming of Beorhtnoth, Beorhthelm's Son 1953
  • Middle English »Losenger« 1953
  • Ancrene Wisse: The English Text of the Ancrene Riwle 1962
  • English and Welsh 1963
  • Iwwersetzunge vu Pearl a Sir Orfeo postum 1975
  • The Old English Exodus Text, Iwwersetzung, Kommentar vum alengl. Gedicht Exodus postum 1981
  • Finn and Hengest: The Fragment and the Episode postum 1982, Iwwersetzung a Kommentar
  • Beowulf and the Critics postum 2002
  • Beowulf (Iwwersetzung) bis elo net verëffentlecht

[Änneren] Prosawierker

  • The Hobbit: or There and Back Again, 1937
  • Leaf by Niggle, 1945
  • Farmer Giles of Ham, 1949
  • The Lord of the Rings, 1969/1970, an dräi Bänn erauskomm als
    • The Fellowship of the Ring: being the first part of The Lord of the Rings 1954,
    • The Two Towers: being the second part of The Lord of the Rings 1954,
    • The Return of the King: being the third part of The Lord of the Rings 1955
  • Smith of Wootton Major, 1967
  • Guide to the Names in »The Lord of the Rings«, A Tolkien Compass, postum 1975
  • The Letters of Father Christmas, postum 1976
  • The Silmarillion, postum 1977, dt. 1978
  • Unfinished Tales of Númenor and Middle-earth, postum 1980
  • Mr Bliss postum 1982
  • The History of Middle Earth postum 1983-1996, erauskomm an zwielef Bänn als
    • The Book of Lost Tales, Part I postum 1983
    • The Book of Lost Tales, Part II postum 1984
    • The Lays of Beleriand postum 1985
    • The Shaping of Middle-earth postum 1986
    • The Lost Road and Other Writings postum 1987
    • The Return of the Shadow postum 1988
    • The Treason of Isengard postum 1989
    • The War of the Ring postum 1990
    • Sauron Defeated postum 1992
    • Morgoth's Ring postum 1993
    • The War of the Jewels postum 1994
    • The Peoples of Middle-earth postum 1996
  • Roverandom postum 1998

[Änneren] Lyrik

  • Gedicht The Battle of the Eastern Field 1911
  • Gedicht From the many-willow'd margin of the immemorial Thames 1913
  • Gedicht You & me and the Cottage of Lost Play 1915
  • Gedicht Kortirion among the trees 1915
  • Gedicht Goblin Feet 1915
  • Gedicht The Happy Mariners 1920
  • Gedicht The Clerke's Compleinte 1922
  • Gedicht Iumonna Gold Galdre Bewunden 1923
  • Gedicht The City of the Gods 1923
  • Gedicht The Eadigan Saelidan 1923
  • Gedicht Why the Man in the Moon Came Down Too Soon 1923
  • Gedicht Enigmala Saxonic – a Nuper Inventa Duo 1923
  • Gedicht The Cat and the Fiddle: A Nursery-Rhyme Undone and its Scandalous secret Unlocked 1923
  • Gedicht An Evening in Tavrobel 1924
  • Gedicht The Lonely Isle 1924
  • Gedicht The Princess Ni 1924
  • Gedicht Light as Leaf on Lindentree 1925
  • Gedicht The Nameless Land 1926
  • Gedicht Adventures in Unnatural History and Medieval Metres, being the Freaks of Fisiologus 1927
  • Gedicht Progress in Bimble Town 1931
  • Gedicht Errantry 1933
  • Gedicht Firiel 1934
  • Gedicht The Adventures of Tom Bombadil 1934
  • Gedichtersammlung Songs for the Philologists, zesumme mam E.V. Gordon a. a. 1936
  • Gedicht The Dragon's Visit 1937
  • Gedicht Knocking at the Door: Lines induced by sensations when waiting for an answer a the door of an Exalted Academic Person 1937
  • Gedicht The Lay of Aotrou and Itroun 1945
  • Gedicht Imram 1955
  • Gedichtsammlung The Adventures of Tom Bombadil and other verses from The Red Book 1962
  • Gedicht Once upon a time 1965
  • Gedicht For W. H. A. 1967
  • Gedichtzyklus The Road Goes Ever On: A Song Cycle 1967, vertount vum Donald Swann
  • Gedicht Bilbo's Last Song posthum 1974
  • Ballad The Lay of Leithian posthum 1985 in: The History of Middle Earth, Bd. 3: The Lays of Beleriand
  • Ballad The Lay of the children of Húrin posthum 1985 in: The History of Middle Earth, Bd. 3: The Lays of Beleriand

[Änneren] Verschiddenes

  • Autobiografesche Bericht Tolkien on Tolkien 1966
  • LP Poems and Songs of Middle-Earth 1968
  • LPs The Hobbit an The Lord of the Rings postum 1975
  • Bildband Pictures by J. R. R. Tolkien postum 1979
  • Bréiwer Letters of J. R. R. Tolkien postum 1981

[Änneren] Literatur zum Thema

  • Humphrey Carpenter, J. R. R. Tolkien. Eine Biographie. Klett-Cotta, Stuttgart 2001, ISBN 3-608-93431-6
  • John Garth, Tolkien and the Great War. The Threshold of Middle-Earth. Houghton Mifflin, Boston 2003, ISBN 0-618-33129-8, Täschenbucheditioun 2005: ISBN 0-618-57481-6
  • Tom A. Shippey, J. R. R. Tolkien. Autor des Jahrhunderts. Klett-Cotta, Stuttgart 2002, ISBN 3-608-93432-4
  • Wayne G. Hammond, Christina Scull, J. R. R. Tolkien. Der Künstler. Klett-Cotta, Stuttgart 1996, ISBN 3-608-93409-X
  • Ariel Pytrell, El Profesor de los Anillos Mondragón Ediciones, Buenos Aires 2003, ISBN 987-20607-0-3


[Änneren] Kuckt och

[Änneren] Um Spaweck

Commons: J. R. R. Tolkien – Biller, Videoen oder Audiodateien
Middle-earth – All d'Artikelen zum Universum vum J. R. R. Tolkien.
Static Wikipedia 2008 (no images)

aa - ab - af - ak - als - am - an - ang - ar - arc - as - ast - av - ay - az - ba - bar - bat_smg - bcl - be - be_x_old - bg - bh - bi - bm - bn - bo - bpy - br - bs - bug - bxr - ca - cbk_zam - cdo - ce - ceb - ch - cho - chr - chy - co - cr - crh - cs - csb - cu - cv - cy - da - de - diq - dsb - dv - dz - ee - el - eml - en - eo - es - et - eu - ext - fa - ff - fi - fiu_vro - fj - fo - fr - frp - fur - fy - ga - gan - gd - gl - glk - gn - got - gu - gv - ha - hak - haw - he - hi - hif - ho - hr - hsb - ht - hu - hy - hz - ia - id - ie - ig - ii - ik - ilo - io - is - it - iu - ja - jbo - jv - ka - kaa - kab - kg - ki - kj - kk - kl - km - kn - ko - kr - ks - ksh - ku - kv - kw - ky - la - lad - lb - lbe - lg - li - lij - lmo - ln - lo - lt - lv - map_bms - mdf - mg - mh - mi - mk - ml - mn - mo - mr - mt - mus - my - myv - mzn - na - nah - nap - nds - nds_nl - ne - new - ng - nl - nn - no - nov - nrm - nv - ny - oc - om - or - os - pa - pag - pam - pap - pdc - pi - pih - pl - pms - ps - pt - qu - quality - rm - rmy - rn - ro - roa_rup - roa_tara - ru - rw - sa - sah - sc - scn - sco - sd - se - sg - sh - si - simple - sk - sl - sm - sn - so - sr - srn - ss - st - stq - su - sv - sw - szl - ta - te - tet - tg - th - ti - tk - tl - tlh - tn - to - tpi - tr - ts - tt - tum - tw - ty - udm - ug - uk - ur - uz - ve - vec - vi - vls - vo - wa - war - wo - wuu - xal - xh - yi - yo - za - zea - zh - zh_classical - zh_min_nan - zh_yue - zu -

Static Wikipedia 2007 (no images)

aa - ab - af - ak - als - am - an - ang - ar - arc - as - ast - av - ay - az - ba - bar - bat_smg - bcl - be - be_x_old - bg - bh - bi - bm - bn - bo - bpy - br - bs - bug - bxr - ca - cbk_zam - cdo - ce - ceb - ch - cho - chr - chy - co - cr - crh - cs - csb - cu - cv - cy - da - de - diq - dsb - dv - dz - ee - el - eml - en - eo - es - et - eu - ext - fa - ff - fi - fiu_vro - fj - fo - fr - frp - fur - fy - ga - gan - gd - gl - glk - gn - got - gu - gv - ha - hak - haw - he - hi - hif - ho - hr - hsb - ht - hu - hy - hz - ia - id - ie - ig - ii - ik - ilo - io - is - it - iu - ja - jbo - jv - ka - kaa - kab - kg - ki - kj - kk - kl - km - kn - ko - kr - ks - ksh - ku - kv - kw - ky - la - lad - lb - lbe - lg - li - lij - lmo - ln - lo - lt - lv - map_bms - mdf - mg - mh - mi - mk - ml - mn - mo - mr - mt - mus - my - myv - mzn - na - nah - nap - nds - nds_nl - ne - new - ng - nl - nn - no - nov - nrm - nv - ny - oc - om - or - os - pa - pag - pam - pap - pdc - pi - pih - pl - pms - ps - pt - qu - quality - rm - rmy - rn - ro - roa_rup - roa_tara - ru - rw - sa - sah - sc - scn - sco - sd - se - sg - sh - si - simple - sk - sl - sm - sn - so - sr - srn - ss - st - stq - su - sv - sw - szl - ta - te - tet - tg - th - ti - tk - tl - tlh - tn - to - tpi - tr - ts - tt - tum - tw - ty - udm - ug - uk - ur - uz - ve - vec - vi - vls - vo - wa - war - wo - wuu - xal - xh - yi - yo - za - zea - zh - zh_classical - zh_min_nan - zh_yue - zu -

Static Wikipedia 2006 (no images)

aa - ab - af - ak - als - am - an - ang - ar - arc - as - ast - av - ay - az - ba - bar - bat_smg - bcl - be - be_x_old - bg - bh - bi - bm - bn - bo - bpy - br - bs - bug - bxr - ca - cbk_zam - cdo - ce - ceb - ch - cho - chr - chy - co - cr - crh - cs - csb - cu - cv - cy - da - de - diq - dsb - dv - dz - ee - el - eml - eo - es - et - eu - ext - fa - ff - fi - fiu_vro - fj - fo - fr - frp - fur - fy - ga - gan - gd - gl - glk - gn - got - gu - gv - ha - hak - haw - he - hi - hif - ho - hr - hsb - ht - hu - hy - hz - ia - id - ie - ig - ii - ik - ilo - io - is - it - iu - ja - jbo - jv - ka - kaa - kab - kg - ki - kj - kk - kl - km - kn - ko - kr - ks - ksh - ku - kv - kw - ky - la - lad - lb - lbe - lg - li - lij - lmo - ln - lo - lt - lv - map_bms - mdf - mg - mh - mi - mk - ml - mn - mo - mr - mt - mus - my - myv - mzn - na - nah - nap - nds - nds_nl - ne - new - ng - nl - nn - no - nov - nrm - nv - ny - oc - om - or - os - pa - pag - pam - pap - pdc - pi - pih - pl - pms - ps - pt - qu - quality - rm - rmy - rn - ro - roa_rup - roa_tara - ru - rw - sa - sah - sc - scn - sco - sd - se - sg - sh - si - simple - sk - sl - sm - sn - so - sr - srn - ss - st - stq - su - sv - sw - szl - ta - te - tet - tg - th - ti - tk - tl - tlh - tn - to - tpi - tr - ts - tt - tum - tw - ty - udm - ug - uk - ur - uz - ve - vec - vi - vls - vo - wa - war - wo - wuu - xal - xh - yi - yo - za - zea - zh - zh_classical - zh_min_nan - zh_yue - zu -

Sub-domains

CDRoms - Magnatune - Librivox - Liber Liber - Encyclopaedia Britannica - Project Gutenberg - Wikipedia 2008 - Wikipedia 2007 - Wikipedia 2006 -

Other Domains

https://www.classicistranieri.it - https://www.ebooksgratis.com - https://www.gutenbergaustralia.com - https://www.englishwikipedia.com - https://www.wikipediazim.com - https://www.wikisourcezim.com - https://www.projectgutenberg.net - https://www.projectgutenberg.es - https://www.radioascolto.com - https://www.debitoformtivo.it - https://www.wikipediaforschools.org - https://www.projectgutenbergzim.com