Lann zu Hueschtert (Nidderaanwen)
Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.
D'Lann zu Hueschtert steet an der rue Andethana, niewt dem alen Agank vum Kierfecht. Si gehéiert wéinst hirem Alter an hierer imposanter Gréisst zu de bemierkenswäerte Beem zu Lëtzebuerg.
Et ass net gewosst op dëse Bam eng Summer- (Tilia platyphyllos) oder Wanterlann (Tilia cordata) ass, an och hire geneeën Alter ass net bekannt.
1980 gouf en Ëmfank op Broschthéicht vu 3,62 m gemooss. Ëm 2000 waren et 3,51 m (Duerchmësser op Broschthéicht: 1,12 m) bei enger Gréisst vun 28 m. (De Bam hätt also a ronn 20 Joer un Déckt ofgeholl, wat onwahrscheinlech ass).
Geographesch Koordinaten: 49° 39’ 19.17’’ N
06° 13’ 58.52’’ O
Dëse Bam gouf 1981 fir d’éischt op d’Lëscht vun de bemierkenswäerte Beem zu Lëtzebuerg geholl.
[Änneren] Quellen
- Sinner, J. et al., 2002. Les arbres remarquables. Administration des eaux et forêts. Musée national d’histoire naturelle. 255 S. (Cf. Lëscht S. 240; keen Text an och keng Foto vun dësem Bam heiranner).
- Administration des eaux et forêts, 1981. Arbres remarquables du Grand-Duché de Luxembourg. Imprimerie Saint-Paul, 167 S. (Cf. Tabell S. 101. Och an dësem Buch: keen Text a keng Foto vun dësem Bam).