Muse (Musekgrupp)
Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.
MUSE ass eng englesch Rockgrupp.
Inhaltsverzeechnis |
[Änneren] D'Band
D'Membere sinn:
- Matthew Bellamy, Gesank, Gittar, Keyboard
- Dominic Howard, Batterie
- Christopher Wolstenholme, Bass, Effektmaschinen
[Änneren] Geschicht
Muse hunn ugefaange an Südengland, méi genee, an der klenger Uertschaft Teignmouth. Do hunn déi dräi Jonge sech kennengeléiert. Den Dominic an de Matthew hu sech scho kannt vun hirer vireger Band Gothic Plague. Si hunn dono zesumme mam Christopher d'Band Rocket Baby Dolls gegrënnt, déi spéider dann zu Muse gouf. Hir éischt Optrëtter hate si an engem Boxring, deen hinnen als Bühn an hirem Lycée gedéngt huet. Spéider hu si als MUSE zwou EP'en rausbruecht, déi e relativ grousse Succès haten. Ugaangs 1999 gounge si zréck an de Studio fir Showbiz opzehuelen. Domat ass Muse grouss erauskomm a si sinn op hir éischt Welttournee gaangen. No dëser laanger Tournee gounge si zréck an de Studio fir Origin of Symmetry obzehuelen. Bei hire Studiosessions waren ëmmer grouss Produzente bedeelegt, déi och scho fir Pink Floyd a Radiohead un de Reegler soutzen. Dësen Album, dee gelueft gouf fir säi bombastesche Klang, huet MUSE definitiv ob den Zenith vun de Rockbands bruecht.
[Änneren] Interessantes
- Den MTV Moderator Markus Kavka sot eng Kéier iwwer MUSE si wiren déi eenzeg Band, bei deeër een de Sänger net kéint vun der E-Gittar ënnerscheeden.
- Feeling Good ass e Cover vun der Nina Simone, enger Jazzsängerin.
- All d'MUSE Membere wore mat 12 Joer an enger Band.
- De Christopher Wolstenholme huet am Ufank Batterie gespillt an ass duerno eréischt op de Bass gewiesselt.
[Änneren] Discographie
[Änneren] Albumen
- Showbiz (1999)
- Origin of Symmetry (2001)
- Hullaballoo Soundtrack (2002)
- Micro Cuts on Stage (2002)
- Live at Belfort (2002)
- Absolution (2003)
- Black Holes And Revelations (2006)
[Änneren] Single-Auskopplungen
- Bliss
- Cave
- Dead Star
- Emergency
- Get A Grip
- Hyper Music
- Hysteria
- Microcuts
- Muscle Museum
- New Born
- Plug In Baby
- Rusty One
- Sing for Absolution
- Stockholm Syndrome
- Sunburn
- The Small Print
- Unintended
- Uno