NASA
Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.
D’National Aeronautics and Space Administration (NASA, gegrënnt am Joer 1958) ass déi zivil US-Verwaltung fir Loft- a Raumfaart. Trennung zum militäresche Beräich an der Loftfaartfuerschung ass nët vollstänneg, well d’NASA souwuel fir déi zivil wéi och fir déi militärsch Grondlagefuerschung an der Loftfaart zoustänneg ass. Si ënnerscheed sech heiran vun der Europäesche Weltraumorganisatioun ESA, déi no Artikel II vun hirem Statut nëmmen fir zivil Weltraumfuerschung dingt an och keng Loftfaartfuerschung bedreiwt.
[Änneren] Visioun a Missioun
D’Nasa bezeechent als hir Visioun „d’Liewen op der Äerd ze verbesseren, d’Liewen no baussen ze verbreeden a Liewen do baussen ze fannen“. Doraus ergëtt sech d’Missioun „eis Äerd ze verstoen an ze schützen, d’Universum ze erfuerschen an no Liewen ze sichen an déi nächst Generatioun vu Fuerscher ze begeeschteren“.
[Änneren] Um Spaweck
Commons: NASA – Biller, Videoen oder Audiodateien |
- Websäit vun der NASA (engl.)
- NASA: Bemannte Raumfaart (engl.)
- NASA Watch (engl.)
- NASA's Vision & Mission - 2002 and beyond *Zusammenfassung US-Raumfahrtprogramm und NASA-Geschichte (dt.)
- NASA-Statistik.de - Komplettes Missionsarchiv der bemannten Flüge (dt.)
- NASA Institute for Advanced Concepts (engl.)
- Science@NASA; ausgewählte Themen und Artikel aus NASA Forschung für ein breiteres Publikum (engl.)
- Deutsche Version der Science@NASA Webseite (dt.)