Nationalstrooss 25
Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.
D' Nationalstrooss N25 ass eng lëtzebuergesch Nationalstrooss am Wëlzer Kanton
Si geet fort op der N12 zu Woltz an heescht do Route de Kautenbach.
Vun hei aus leeft si de ganzen Zäit am Dall vun der Wolz a laanscht d'Eisebunn bis op Kautebaach op d'Gare.
Si passéiert dobäi d'Tutschemillen a Mäerkels. Fir op Mäerkels huet se Uschloss mat dem CR331A.
D'N25 ass ronn 10 Kilometer laang.