ON AMAZON:



https://www.amazon.com/Voice-Desert-Valerio-Stefano-ebook/dp/B0CJLZ2QY5/



https://www.amazon.it/dp/B0CT9YL557

We support WINRAR [What is this] - [Download .exe file(s) for Windows]

CLASSICISTRANIERI HOME PAGE - YOUTUBE CHANNEL
SITEMAP
Audiobooks by Valerio Di Stefano: Single Download - Complete Download [TAR] [WIM] [ZIP] [RAR] - Alphabetical Download  [TAR] [WIM] [ZIP] [RAR] - Download Instructions

Make a donation: IBAN: IT36M0708677020000000008016 - BIC/SWIFT:  ICRAITRRU60 - VALERIO DI STEFANO or
Privacy Policy Cookie Policy Terms and Conditions
Naturschutzgebitt Pällembierg - Wikipedia, déi fräi Enzyklopedie

Naturschutzgebitt Pällembierg

Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.

De Pällembierg ass en Naturschutzgebitt an de Gemenge Fluessweller a Wuermeldeng. Zu On erstreckt sech iwwer de Pällembierg, Wakelterbierg bis viru Meechtem laanscht d'Musel uewen op der Kopp e variéiert Gebitt mat Dréchewisen, wouvun 90,93 ha zënter dem 30. September 2005 ënner Naturschutz stinn.

Inhaltsverzeechnis

[Änneren] Geologie

D'Muselgéigend ëm Lëtzebuerg huet zu engem groussen Deel virun ongeféier 225 Millioune Joren de Mieresbuedem vum Muschelkallekmier forméiert. Dëst Mier mat engem héije Salzgehalt war räich u Muschelen, Schleeken, Wierm a Kriibsen. Mam Zréckgoe vum Mier huet Muschelkallekzäit ugefaang, an deeër sech kallekegen an dolomitesche Sand ofgelagert huet, an de Muschelsandstee forméiert huet. Am Mëttlere Muschelkallek ass Gestengs entstan, dat zum Rutschen tendéiert a meeschtens flaach gewellten Häng forméiert, op deenen haut bal all d'Wäibierger tëscht Wuermeldeng a Waasserbëlleg leien. Den ieweschte Fielsberäich besteet aus haardem Dolomitgestengs aus dem Ieweschte Muschelkallek. Dës Steng bestinn haaptsächlech aus rengen zerriwwene Schuele vu Mieresdéieren, wéi de Séililjen. D'Glidder aus hire Stiller (Trochiten) hunn der ënneschter Schicht (Trochiteschicht) vum Ieweschte Muschelkallek hiren Numm ginn.

[Änneren] Ökologie

De Pällembierg wéist duerch seng besonnesch klimatesch Bedéngungen (wéineg Reen an héich Temperaturen), seng Lag no Süd-Osten an duerch seng Buedembeschafenheet (waasserduerchlässegen dréchene Kallekbuedem, dee sech séier erhëtzt) charakteristesch Kennzeeche vun enger mediterraner Géigend op. Um Plateau wiisst als eenzeg Plaz zu Lëtzebuerg wëlle Pällem (Buxus sempervirens L.). De Bestand vun dësem ëmmergréngen Trausch ass ufanks vum 20. Joerhonnert duerch e Brand staark reduzéiert ginn, huet sech mëttlerweil awer nees gutt erholl. Duerch Zouwuesse vun den oppene Plaze riskéiert hi mat aneren Träisch konkurrenzschwaach Planze wéi Orchideeën, déi bis virun nach net al ze laanger Zäit do mat den Honnerte virkomm sinn, ze verdrängen. Haut fënnt een um Pällembierg nach Eenzelexemplare vun ëmmer hin zwielef verschiddenen Orchideeënaarten. Zu dësen Iwwerliewenskënschtler, déi nëmmen a Symbios (Liewensgemeinschaft mat géigesäitegem Notzen) mat engem Wuerzelpilz liewe kënnen, zielen ënnert anerem d'Käerzeblumm (Orchis militaris), d'Vullenascht (Neottia nidus-avis) an de Bëschvillchen (Cephalanthera damasonium). En intressante Bewunner vum Pällembierg ass d'Cicadetta montana, déi een éischter am Mëttelmierraum erëm fënnt.

D'Liewensbedéngungen am süd-ëstlechen exponéierte Fielsberäich vun der Muschelkallekwand sinn am Summer extrem haart. Schonns déi éischt Sonnestrahlen am fréie Mueren erhëtzen d'Fielsen, loossen Temperature klammen an dréchnen de more Buedem aus. Eréischt nuets ginn d'Fielse lues hir gespäichert Wäermt of, a beaflosse mat hirer imposanter Héicht d'Mikroklima an den ugrenzende Wäibierger, wouvun d' Riewe profitéieren. Eng speziell, un dës haart Conditiounen ugepasste Fauna a Flora ass do ze fannen. Um Fouss vun der Fielswand wiisst d'Käerzeblumm (Verbascum sp.) an d'Juddendrauf (Sedum album), déi sech plazeweis wéi en Teppech ausbreet. An de Fielssplécken an an den Dréchemauere vun de Wäibierger lieft d'Omes (Podarcis muralis). Si, déi Wäibiergklima léiwer huet, gëtt vun der Sonn opgewiermt a kann nëmmen esou flénk hin an hir huschen. Op de Geröllfläche mat Getraisch lieft d'Adder (Cornella austriaca), während d'Kréchel (Falco tinnunculus) am ieweschte Beräich vun der Fielswand heiansdo bréit.

D'Donwenerbaach tëscht Gëllendëmpel a Gésbréck
D'Donwenerbaach tëscht Gëllendëmpel a Gésbréck

Ganz anescht sinn d'Conditiounen am Dall vun der Donwenerbaach, dat vun engem Schluchtbësch an deem eng héich Loft- a Buedemfiichtegkeet herrscht an d'Duerchschnëttstemperaturen am Joer relativ ausgeglach sinn, ageholl gëtt. Tëscht dem Gëllendëmpel an der Gésbréck leeft d'Donwenerbaach duerch en déift an enkt Dall, dat sech am Laf vun der Zäit an d'Muschelkallekfielsen agegruewen huet. Mat hiren décke Gestengsbätz huet d'Baach de Charakter vun enger Biergbaach, déi sech bei staarke Schliet a kierzter Zäit an eng Baach mat grousser Stréimung verwandele kann, an där Beem a Steng matgerappt ginn. Typesch Bewunner vun der Donwenerbaach, déi kloer, propper a séier fléissend Waasser brauchen, sinn d'Baachfrell (Salmo trutta) an d'Waassermärel (Cinclus cinclus). Nieft hinne fënnt de Salamander (Salamandra salamandra), dee fiicht Lafbëscher mat vill Schiet a sauerstoffräiche Baache gär huet, och hei ideal Liewensbedéngungen. De relativ schwéier zougänglechen, klengflächlege Schluchtbësch mat sengen instabilen Häng gëtt vun der Bich (Fagus silvatica) dominéiert. Nieft hir wuessen tëscht ëmgefalene Beem, déi en héijen ökologesche Wäert hunn an den Aarteräichtum am Bësch erhéijen, och den Aaschtert (Acer pseudoplatanus), d'Lann (Tilia platyphyllos) a vereenzelt d'Esch (Fraxinus excelsior) do, während am direkten Uferberäich d'Alënter oder Eller (Alnus glutinosa) virkennt. An der Krautschicht ass déi rar Hirschzong (Phyllistis scolopendrium) an de Gëftschwanz (Actaea spicata) ze fannen. D'Steng vun den Uferhäng a Beräicher wou Waasser austrëtt gi vun 69 verschiddene Moosaarte bedeckt. Dës Pionéierplanzen, déi fiicht Liewensraim léiwer hunn, forméiere mat der Zäit Humus, deen als Ënnerlag fir aner méi exigent Planzen déngt.

[Änneren] Naturléierpad

Panneau vum Léierpad
Panneau vum Léierpad

An Zesummenaarbecht mat der Gemeng Wuermeldeng an der Forstverwaltung ass en interaktive Wäin- an Naturléierpad entstan. Mat Depart zu On féiert de mëttel bis schwéiere Pad vu 4,5 km duerch d'Oner Wäibierger op de Plateau vum Pällembierg an neess laanscht an deelweis duerch d'Donwenerbaach zréck. Ënnerwee vermëttelen iwwer 24 Panneauen op verschiddene Statiounen Intressantes iwwer d'Landschaft, d'Natur, de Wäin an d'Aarbecht vum Wënzer.

[Änneren] Referenzen

  • Brochure: Wein- und Naturpfad Palmberg Ahn. Gemeng Wuermeldeng, Ëmweltministère - Forstverwaltung.

[Änneren] Kuckt och

Static Wikipedia 2008 (no images)

aa - ab - af - ak - als - am - an - ang - ar - arc - as - ast - av - ay - az - ba - bar - bat_smg - bcl - be - be_x_old - bg - bh - bi - bm - bn - bo - bpy - br - bs - bug - bxr - ca - cbk_zam - cdo - ce - ceb - ch - cho - chr - chy - co - cr - crh - cs - csb - cu - cv - cy - da - de - diq - dsb - dv - dz - ee - el - eml - en - eo - es - et - eu - ext - fa - ff - fi - fiu_vro - fj - fo - fr - frp - fur - fy - ga - gan - gd - gl - glk - gn - got - gu - gv - ha - hak - haw - he - hi - hif - ho - hr - hsb - ht - hu - hy - hz - ia - id - ie - ig - ii - ik - ilo - io - is - it - iu - ja - jbo - jv - ka - kaa - kab - kg - ki - kj - kk - kl - km - kn - ko - kr - ks - ksh - ku - kv - kw - ky - la - lad - lb - lbe - lg - li - lij - lmo - ln - lo - lt - lv - map_bms - mdf - mg - mh - mi - mk - ml - mn - mo - mr - mt - mus - my - myv - mzn - na - nah - nap - nds - nds_nl - ne - new - ng - nl - nn - no - nov - nrm - nv - ny - oc - om - or - os - pa - pag - pam - pap - pdc - pi - pih - pl - pms - ps - pt - qu - quality - rm - rmy - rn - ro - roa_rup - roa_tara - ru - rw - sa - sah - sc - scn - sco - sd - se - sg - sh - si - simple - sk - sl - sm - sn - so - sr - srn - ss - st - stq - su - sv - sw - szl - ta - te - tet - tg - th - ti - tk - tl - tlh - tn - to - tpi - tr - ts - tt - tum - tw - ty - udm - ug - uk - ur - uz - ve - vec - vi - vls - vo - wa - war - wo - wuu - xal - xh - yi - yo - za - zea - zh - zh_classical - zh_min_nan - zh_yue - zu -

Static Wikipedia 2007 (no images)

aa - ab - af - ak - als - am - an - ang - ar - arc - as - ast - av - ay - az - ba - bar - bat_smg - bcl - be - be_x_old - bg - bh - bi - bm - bn - bo - bpy - br - bs - bug - bxr - ca - cbk_zam - cdo - ce - ceb - ch - cho - chr - chy - co - cr - crh - cs - csb - cu - cv - cy - da - de - diq - dsb - dv - dz - ee - el - eml - en - eo - es - et - eu - ext - fa - ff - fi - fiu_vro - fj - fo - fr - frp - fur - fy - ga - gan - gd - gl - glk - gn - got - gu - gv - ha - hak - haw - he - hi - hif - ho - hr - hsb - ht - hu - hy - hz - ia - id - ie - ig - ii - ik - ilo - io - is - it - iu - ja - jbo - jv - ka - kaa - kab - kg - ki - kj - kk - kl - km - kn - ko - kr - ks - ksh - ku - kv - kw - ky - la - lad - lb - lbe - lg - li - lij - lmo - ln - lo - lt - lv - map_bms - mdf - mg - mh - mi - mk - ml - mn - mo - mr - mt - mus - my - myv - mzn - na - nah - nap - nds - nds_nl - ne - new - ng - nl - nn - no - nov - nrm - nv - ny - oc - om - or - os - pa - pag - pam - pap - pdc - pi - pih - pl - pms - ps - pt - qu - quality - rm - rmy - rn - ro - roa_rup - roa_tara - ru - rw - sa - sah - sc - scn - sco - sd - se - sg - sh - si - simple - sk - sl - sm - sn - so - sr - srn - ss - st - stq - su - sv - sw - szl - ta - te - tet - tg - th - ti - tk - tl - tlh - tn - to - tpi - tr - ts - tt - tum - tw - ty - udm - ug - uk - ur - uz - ve - vec - vi - vls - vo - wa - war - wo - wuu - xal - xh - yi - yo - za - zea - zh - zh_classical - zh_min_nan - zh_yue - zu -

Static Wikipedia 2006 (no images)

aa - ab - af - ak - als - am - an - ang - ar - arc - as - ast - av - ay - az - ba - bar - bat_smg - bcl - be - be_x_old - bg - bh - bi - bm - bn - bo - bpy - br - bs - bug - bxr - ca - cbk_zam - cdo - ce - ceb - ch - cho - chr - chy - co - cr - crh - cs - csb - cu - cv - cy - da - de - diq - dsb - dv - dz - ee - el - eml - eo - es - et - eu - ext - fa - ff - fi - fiu_vro - fj - fo - fr - frp - fur - fy - ga - gan - gd - gl - glk - gn - got - gu - gv - ha - hak - haw - he - hi - hif - ho - hr - hsb - ht - hu - hy - hz - ia - id - ie - ig - ii - ik - ilo - io - is - it - iu - ja - jbo - jv - ka - kaa - kab - kg - ki - kj - kk - kl - km - kn - ko - kr - ks - ksh - ku - kv - kw - ky - la - lad - lb - lbe - lg - li - lij - lmo - ln - lo - lt - lv - map_bms - mdf - mg - mh - mi - mk - ml - mn - mo - mr - mt - mus - my - myv - mzn - na - nah - nap - nds - nds_nl - ne - new - ng - nl - nn - no - nov - nrm - nv - ny - oc - om - or - os - pa - pag - pam - pap - pdc - pi - pih - pl - pms - ps - pt - qu - quality - rm - rmy - rn - ro - roa_rup - roa_tara - ru - rw - sa - sah - sc - scn - sco - sd - se - sg - sh - si - simple - sk - sl - sm - sn - so - sr - srn - ss - st - stq - su - sv - sw - szl - ta - te - tet - tg - th - ti - tk - tl - tlh - tn - to - tpi - tr - ts - tt - tum - tw - ty - udm - ug - uk - ur - uz - ve - vec - vi - vls - vo - wa - war - wo - wuu - xal - xh - yi - yo - za - zea - zh - zh_classical - zh_min_nan - zh_yue - zu -

Sub-domains

CDRoms - Magnatune - Librivox - Liber Liber - Encyclopaedia Britannica - Project Gutenberg - Wikipedia 2008 - Wikipedia 2007 - Wikipedia 2006 -

Other Domains

https://www.classicistranieri.it - https://www.ebooksgratis.com - https://www.gutenbergaustralia.com - https://www.englishwikipedia.com - https://www.wikipediazim.com - https://www.wikisourcezim.com - https://www.projectgutenberg.net - https://www.projectgutenberg.es - https://www.radioascolto.com - https://www.debitoformtivo.it - https://www.wikipediaforschools.org - https://www.projectgutenbergzim.com