New York City
Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.
Dëse Geographiesartikel zu den USA ass eréischt just eng Skizz. Wann der méi iwwer dëst Thema wësst, sidd der häerzlech invitéiert aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann dir Hëllef braucht beim Schreiwen, da luusst bis an d'FAQ eran. |
New York City | |
---|---|
Spëtznumm: Big Apple | |
< | |
Land | USA |
Bundesstaat: | New York |
Countien: | Bronx (Bronx) New York (Manhattan) Queens (Queens) Kings (Brooklyn) Richmond (Staten Island) |
Koordinaten: | 74° 00' w. L., 40° 40' n. B. |
Fläch: | 1.214,4 km² dovun 800,31 km² Land |
Awunner: | 8.168.388 (2005) |
Bevëlkerungsdicht: | 10.359 / km² |
Héicht: | 6 m i. NN |
Buergermeeschter: | Michael Bloomberg |
Postleitzuelen: | 10001-10292 |
Telefonviirwal: | 212 |
New York ass mat méi wéi 8 Milliounen Awunner bevëlkerungsméisseg déi gréisste Stad vun de Vereenegte Staaten. Fir se vum Bundesstaat New York, zu deem si gehéiert, z'ënnerscheeden, gëtt se New York City genannt.
Hiert Gebitt vun 800,31 Quadratkilometer begräift déi fënnef Stadbezierker (boroughs) Manhattan, The Bronx, Brooklyn, Queens a Staaten Island. D' Metropolregioun New York ass matt 22.313.756 Awunner op 27.084 Quadratkilometer (Stand: 1. Januar 2005) ee vun de wichtegsten bedeitende Wirtschaftsraim vun der Welt. D'Stad huet vill kuckeswäert Plazen a Gebaier, 500 Gallerien, ronn 150 Muséeën, méi wéi 100 Theateren, an eppes wéi 17.000 Restauranten.
Si gëtt als eng vun de gréissten Handelsplaze vun der Welt betruecht an ass de Sëtz vu villen internationale Konzernen an internationalen Organisatiounen, wéi d'Vereent Natiounen. Si huet e groussen Hafen a genéisst Weltruff als Stad vun der Konscht an der Kultur.
Inhaltsverzeechnis |
[Änneren] Geographie
[Änneren] Andeelungen
D'Stad ass a fënnef Stadbezierker agedeelt.