Nondidjeft
Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.
Informatiounen zum Film
Filmdaten | |
---|---|
Originaltitel: | Nondidjeft |
Produktiounsland: | Lëtzebuerg |
Produktiounsjoer: | 2005 |
Dauer: | 66 Minutten |
Originalsprooch: | Lëtzebuergesch |
Equipe | |
Regie: | Max Mertens |
Dréibuch: | Max Mertens Pitt Mertens |
Kamera: | Max Mertens Pitt Mertens Paul Thein Daniela Del Fabbro Christophe Lampach Mich Schockweiler |
Musek: | LP Pro |
Produzent: | Klautchen Production |
Haaptacteuren | |
Daniela Del Fabbro als Tuss Jeff Koob als Frank Christophe Lampach als Autoverkeefer Jean-Lou Metz als Edgar Max Mertens als Jacques Pitt Mertens als Heavy Sarah Michels als dat dat jäizt Mich Schockweiler als Kläpper Paul Thein als Harry Noa als klengen Hond |
Nondidjeft ass deen éischte Film vun de Gebridder Max a Pitt Mertens aus dem Joer 2005.
[Änneren] Ëm wat geet et am Film?
De Jacques a säi Brudder Heavy sinn zwou faul Pänz. Bei der Bestellung vu Rocco Siffredi Pornoe maache si e schlëmme Feeler: amplaz vun 10 DVDe bestelle si der 10.000 an hunn elo en décke Problem dat Ganzt ze bezuelen.
Bei der Liwwerung vun de Pornoen musse si leider zouginn, datt si dat Ganzt net bezuele kënnen. De Pornosproduzent Frank Gun mécht hinne mat Hëllef vu sengem Kläpper kloer, datt si bannent dräi Deeg d'Sue mussen hunn, soss si se drun.
Fir u Suen ze komme gëtt probéiert en Auto ze klauen an e klengen Hond ze entféieren: dei zwou Saache klappen natierlech iwwerhaapt net.
Zu gudder Lescht iwwerwannen déi zwee hir Skrupel a gi bei den Drogeboss Harry. Hien huet en interessanten Job fir d'Bridder: eng Wallis voll mat exklusiven Droge soll op eng v.i.p.-Party bruecht ginn. De Jacques an den Heavy menge si hätten et gepackt. Op enger Party stierzen si awer gehierlos of a kréien och nach d'Wallis geklaut.
Den Ultimatum ass schliisslech ofgelaf a si hunn nach ëmmer keng Suen, … en plus hu si nach d'Wallis voll mat Droge verluer. Si verstoppe sech bei der Mousels-Brauerei am Gronn, eng Plaz déi d'Gangster awer direkt erausfannen.
Et kënnt zum bluddege Showdown.