Nordkap
Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.
Dëse Geographiesartikel ass eréischt just eng Skizz. Wann der méi iwwer dëst Thema wësst, sidd der häerzlech invitéiert aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann dir Hëllef braucht beim Schreiwen, da luusst bis an d'FAQ eran. |
De Nordkap (engl.: North Cape) ass dee Punkt an Norwegen, deen am weitsten am Norden läit (Breedegrad: 71° 10' 21). Ganz stëmmt dat zwar nëtt, well an der Noperschaft gët ët de Punkt Knivskjellodden. Dee läit nach 1.500 m méi am Norden, mee en ass schwéier zougänglech. Nordkap ass eng Gemeng déi zum Bezierk Finmark gezielt gëtt. Vun däer Gemeng, déi zu engem groussen Deel op der Insel Magerøya läit, liewen déi meeschten Awunner an der Uertschaft Honningsvåg, e klengen Hafen, deen déi meeschten vun den 200.000 Touristen, déi all Joer op de Nordkap kommen, als Ausgangspunkt fir hier Visite op de Nordkap benotzen. Den Nordkap gëtt gebillt vun engem 307 m héigen Fiels, dee sech steil aus dem Mier erhiewt. Den Nordkap gouf bekannt duerch den Entdecker Richard Chancellor, deen am Joer 1553 no engem Schëffswee am Sënn vun engem Nord-Ostpassge gesicht huet.
Um Nordkapp kann een d'Metternuechtssonn bewonneren, d'Sonn, déi an de Summerméint nëtt ënnergeet.