Séisskäschtebam um Pläitrengerhaff
Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.
De Séisskäschtebam um Pläitrengerhaff (Castanea sativa; châtaignier; Esskastanie) steet hannenaus am Bongert nieft dem Haff. Hien ass deen imposanteste Bam vu senger Aart zu Lëtzebuerg, a gehéiert duerfir zu de bemierkenswäerte Beem am Land.
1980 gouff en Ëmfank op Broschthéicht vu 4,55 m gemooss, em 2000 waren et 5,00 m. Domadder gehéiert dëse Bam zu deenen déckste Beem am Land (1981: deen 30. déckste Bam).
1981 gouf dëse Bam fir d'éischt als bemierkenswäerte Bam gefouert.
Geographesch Koordinaten: 49° 35’ 31.73’’ N
06° 16’ 52,43’’ O
[Änneren] Quellen
- Sinner, J. et al., 2002. Les arbres remarquables. Administration des eaux et forêts. Musée national d’histoire naturelle. 255 S. (Cf. S. 148-149, Text a Foto).
- Administration des eaux et forêts, 1981. Arbres remarquables du Grand-Duché de Luxembourg. Imprimerie Saint-Paul, 167 S. (Cf. Tabell S. 163; keng Beschreiwung a keng Foto vum Pläitrenger Séisskäschtebam an dësem Buch).
[Änneren] Kuckt och
- Pläitreng
- Aner bemierkenswäert Beem um Pläitrengerhaff: