Évrange
Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.
|
|
---|---|
Land: | ![]() |
Regioun: | Loutrengen |
Departement: | Moselle |
Arrondissement: | Diddenuewen-Ost |
Kanton: | Kettenuewen |
Awunner: | 191 (2005) |
Geographesch Koordinaten: | 49° 30’ 08’’ N, 06° 11’ 48’’ O |
Évrange ass eng franséisch Grenzuertschaft a Gemeng am Departement Moselle a Loutrengen. Si mécht d'Grenz mat Lëtzebuerg bei Fréiseng.
D'Duerf gouf am Joer 963 fir d'éischt als Ebiringon ernimmt, a war no dem Wiener Kongress eng lëtzebuergesch Exklav op franséischem Gebitt. Den 28. Mäerz 1820 huet Lëtzebuerg d'Uertschaft u Frankräich zeréckginn.
Den Uert, deen zum Arrondissement vun Diddenuewen-Ost gehéiert, huet 191 Awunner (Stand 2005).
[Änneren] Nopeschuertschaften
- Fréiseng (Lëtzebuerg) am Norden
- Preisch am Osten
- Basse-Rentgen am Süden
- Hagen am Westen