Loutrengen
Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.
Loutrengen - Lorraine | ||||||||||||||||||||
![]() |
||||||||||||||||||||
|
||||||||||||||||||||
|
Loutrengen (fr.: Lorraine) ass eng Regioun am Nord-Osten vu Frankräich. D'Awunner sinn d'Loutrenger (fr.: Lorrains a Lorraines).
Inhaltsverzeechnis |
[Änneren] Geographie
Loutrengen ass déi eenzeg franséisch Regioun déi eng Grenz mat dräi Länner deelt, nämlech mat der Belsch, Lëtzebuerg an Däitschland. Ausserdeem ass Loutrengen d'Nopeschregioun vum Elsass, der Regioun Champagne-Ardenne an der Franche-Comté.
Dës Situatioun ass op strategeschem Plang e kloeren Avantage fir d'Regioun.
Kuckt och den Artikel Geographie vu Loutrengend'Artikelen [[{{{2}}}]] an [[{{{3}}}]]d'Artikelen [[{{{4}}}]], [[{{{5}}}]] an [[{{{6}}}]]d'Artikelen [[{{{7}}}]], [[{{{8}}}]], [[{{{9}}}]] an [[{{{10}}}]].
[Änneren] Geschicht
Den Ursprong huet Loutrengen am karolingeschen Kinnekräich Lotharingie. Wéi d'Kinnekräich verschwënnt, gëtt vu béide Säiten u Loutrengen gerappt, vum Hellege Réimesche Räich a vu Frankräich. Obwuel d'Räich ufanks nach d'Nues fir huet, verléieren d'Keeseren awer am Laf vun der Zäit ëmmer méi d'Kontroll iwwer Loutrengen, zu Gonschte vu Frankräich. Trotz de méi rezenten däitsche Versich vun 1870 an 1940 gehéiert Loutrengen awer definitiv zu Frankräich.
Kuckt och den Artikel Geschicht vu Loutrengend'Artikelen [[{{{2}}}]] an [[{{{3}}}]]d'Artikelen [[{{{4}}}]], [[{{{5}}}]] an [[{{{6}}}]]d'Artikelen [[{{{7}}}]], [[{{{8}}}]], [[{{{9}}}]] an [[{{{10}}}]].
[Änneren] Administratioun
Kuckt och den Artikel Regionale Conseil vu Loutrengend'Artikelen [[{{{2}}}]] an [[{{{3}}}]]d'Artikelen [[{{{4}}}]], [[{{{5}}}]] an [[{{{6}}}]]d'Artikelen [[{{{7}}}]], [[{{{8}}}]], [[{{{9}}}]] an [[{{{10}}}]].
[Änneren] Economie
Mat 44 Milliarden Euro produzéiert Loutrengen 3,4% vum franséische BIP, wat d'Regioun op déi 8. Plaz vun den 22 Regioune bréngt. D'Servicer fir Entreprisen an d'Logistik sinn déi zwee Sekteuren, wou een déi stäerkste Progressioun feststelle kann. Parallel dozou verschlechtert sech d'Situatioun vun den traditionellen Industrien (Textil, Metallurgie). Konsequenz dovunner ass en héije Chômage-Taux.
Kuckt och den Artikel Economie vu Loutrengend'Artikelen [[{{{2}}}]] an [[{{{3}}}]]d'Artikelen [[{{{4}}}]], [[{{{5}}}]] an [[{{{6}}}]]d'Artikelen [[{{{7}}}]], [[{{{8}}}]], [[{{{9}}}]] an [[{{{10}}}]].
[Änneren] Kultur
Duerch seng geographesch Lag war a Loutrengen zu allen Zäiten en Austausch tëscht franséischer a germanescher Kultur. Sou hu vill Saache sech mol als éischt a Loutrengen verbreet, éier de Rescht vu Frankräich eppes dovunner matkritt huet. Aus Loutrengen kommen och vill kulturell Tendenzen, wouvunner déi bekannteste wuel den Art nouveau ass, deen a Frankräich vun der École de Nancy verbreet gouf.
Kuckt och den Artikel Kultur vu Loutrengend'Artikelen [[{{{2}}}]] an [[{{{3}}}]]d'Artikelen [[{{{4}}}]], [[{{{5}}}]] an [[{{{6}}}]]d'Artikelen [[{{{7}}}]], [[{{{8}}}]], [[{{{9}}}]] an [[{{{10}}}]].
[Änneren] Sprooch
[Änneren] Wierderbicher iwwer de loutrengesche Patois
- [1] En Online-Vocabulaire "Du Pays Messin au sud des Vosges, en passant par Fraimbois".
- [2] Dem Lucien Adam säi Buch "Les patois lorrains" vun 1881 als pdf-Datei op "Gallica".
- [3] Dem Jaclot säi Buch "Vocabulaire patois du pays messin" vun 1995 als pdf-Datei op "Gallica".
- [4]. Eng Online-Versioun vum "Wörterbuch der elsässischen Mundarten" vun 1899-1907. Iwwerschafft vum Ernst Martin a vum Hans Lienhart.
- [5] Online-Versioun vum "Wörterbuch der deutsch-lothringischen Mundarten" vun 1909, iwwerschafft vum Ferdinand Follmann. D'Buch ass eigenlech en Idiotikon, et faasst nëmmen déi Wierder, déi anescht sinn ewéi déi vun der Schrëftsprooch.
Kuckt och den Artikel Loutrengesche Patoisd'Artikelen [[{{{2}}}]] an [[{{{3}}}]]d'Artikelen [[{{{4}}}]], [[{{{5}}}]] an [[{{{6}}}]]d'Artikelen [[{{{7}}}]], [[{{{8}}}]], [[{{{9}}}]] an [[{{{10}}}]].
[Änneren] Bekannte Loutrenger
- Bruno d'Eguisheim-Dagsbourg, besser bekannt als Poopst Leo IX. (1002-1054).
- Jeanne d'Arc (1412-1431).
- Antoine de Ville (~1492), éischte bekannten Alpinist.
- Jacques Callot (1592-1635), Artist.
- Charles Messier (1730-1817), Astronom.
- Jean-Francois Pilâtre de Rozier (1757-1785), Physiker a Chemiker.
- Jules Ferry (1832-1893), Politiker.
- Paul Verlaine (1844-1896), Poet.
- Henri Poincaré (1854-1912), Mathematiker.
- Charles Hermite (1822-1901, Mathematiker.
- Maurice Barrès (1862-1923), Schrëftsteller a Politiker.
- Patricia Kaas (*1966), Sängerin.
[Änneren] Linken
[Änneren] Kuckt och
- Croix de Lorraine
[Änneren] Um Spaweck
- (fr) Regionale Conseil vu Loutrengen
- (fr) D'Préfecture vu Loutrengen
- (fr) Regionalen Naturpark vu Loutrengen
- (fr) Loutrengeschen Dictionnaire
- (fr) Kuelegrouwe vu Loutrengen
- (fr) D'Sociétés Savantes vun der Aquitaine a vu Loutrengen
- (fr) Loutrengen op Wikitravel
Aquitaine - Auvergne - Bourgogne - Bretagne - Centre - Champagne-Ardenne - Elsass - Franche-Comté - Île-de-France - Korsika - Languedoc-Roussillon - Limousin - Loutrengen - Midi-Pyrénées - Nord-Pas-de-Calais - Basse-Normandie - Haute-Normandie - Pays de la Loire - Picardie - Poitou-Charentes - Provence-Alpes-Côte d'Azur - Rhône-Alpes
Bar-le-Duc | Boulay-Moselle | Briey | Château-Salins | Commercy | Épinal | Forbach | Lunéville | Metz-Campagne | Metz-Ville | Nancy | Neufchâteau | Saint-Dié-des-Vosges | Sarrebourg | Sarreguemines | Thionville-Est | Thionville-Ouest | Toul | Verdun