1791
Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.
1786 | 1787 | 1788 | 1789 | 1790 | 1791 | 1792 | 1793 | 1794 | 1795 | 1796
Dës Säit befaasst sech mam Joer 1791.
Inhaltsverzeechnis |
[Änneren] Evenementer
- 4. Februar: Frankräich: Eed op d'Konstitutioun bei der Versammlung vun de Paschtéier.
- Februar bis Mee: Frankräich: Nei konstitutionell Bëscheef gi gewielt.
- 10. Mäerz: Frankräich: De Poopst Pius VI. veruerteelt d'Zivilverfaassung vum Klerus.
- 15. Mäerz: Frankräich: Diplomatesche Broch tëscht Frankräich a Roum.
- 21. Abrëll: Frankräich: De La Fayette demissionéiert un der Spëtzt vun der Garde Nationale.
- 20. - 25. Juni: Frankräich: D'Flucht op Varennes: De Kinnek Louis XVI. versicht an d'Ausland ze kommen, gëtt awer vun Zaldote vun der Nationalversammlung nees op Paräis bruecht.
- 15. Juli: Frankräich: D'Nationalversammlung setzt de Kinnek nees an.
- 16. Juli: Frankräich: Déi gemässegt Feuillants trieden aus dem Jakobinerklub aus.
- 17. Juli: Frankräich: Schéisserei um Champs-de-Mars.
- 27. August: Pillnitzer Deklaratioun. De Keeser Leopold II. an de Friedrich Wilhelm vu Preisen beschleissen sech an d'franséisch Affären anzemëschen, zu Gonschte vun der franséischer Monarchie.
- 3. September: Frankräich: D'Konstitutioun vu 1791 gëtt vun der Nationalversammlung a vum Louis XVI. ugeholl a Frankräich gëtt zu enger konstitutioneller Monarchie.
- 14. September: Frankräich: De Kinnek Louis XVI. leescht en Eed op d'Konstitutioun an erkläert, datt d'Revolutioun eriwwer ass.
- 30. September: Frankräich: D'Assemblée constituante gëtt opgeléist.
- 1. Oktober: Frankräich: Ouverture vun der Assemblée législative.
- 17. November: Frankräich: De Jérôme Pétion de Villeneuve gëtt Buergermeeschter vu Paräis.
- 25. November: Frankräich: Grënnung vum Comité de surveillance (spéidere Comité de sûreté générale).
[Änneren] Konscht & Kultur
[Änneren] Wëssenschaft & Technik
[Änneren] Gebuer
- 23. September : Johann Franz Encke, däitschen Astronom.
- 26. September : Théodore Géricault, franséische Moler.
- Charles Metz, Lëtzebuerger Journalist, Politiker an Entrepreneur.
[Änneren] Gestuerwen
- 5. Dezember: Wolfgang Amadeus Mozart, éisträichesche Komponist.
- 16. Oktober: Grigori Alexandrowitsch Potjomkin, russesche Feldmarschall a Staatsmann.