20. Juni
Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.
Den 20. Juni ass den 171. Dag (172. am Schaltjoer) vum Joer am Gregorianesche Kalenner.
Mee – Juni – Jul | ||||||
1 | 2 | 3 | 4 | 5 | 6 | 7 |
8 | 9 | 10 | 11 | 12 | 13 | 14 |
15 | 16 | 17 | 18 | 19 | 20 | 21 |
22 | 23 | 24 | 25 | 26 | 27 | 28 |
29 | 30 |
Inhaltsverzeechnis |
[Änneren] Evenementer
- 1340: Honnertjärege Krich: Schluecht vu Sluis
- 1789: Frankräich: Ballhausschwur: Den Drëtte Stand léisst verlauden, datt en sech net opléise wärt, bis Frankräich eng Konstitutioun huet.
- 1791: Frankräich: D'Flucht op Varennes: De Kinnek Louis XVI. versicht an d'Ausland ze kommen, gëtt awer vun Zaldote vun der Nationalversammlung nees op Paräis bruecht. (bis 25. Juni)
- 1792: Frankräich: D'Vollek belagert d'Tuilerien, a fuerdert dass d'Ministeren nees zeréckkommen. Mee de Kinnek Louis XVI. gëtt net no.
- 1963: Première am neie Stadtheater mam Norbert Weber sengem historeschen Drama Jean Schalop.
- 1963: Lëtzebuerg: De Grondstee fir d'Groussherzogin-Charlotte-Bréck gëtt geluegt.
- 1977: Israel: De Menachem Begin gëtt neie Ministerpresident an Israel.
- 2001: Pakistan: De Pervez Musharraf gëtt Staatschef a Pakistan, d'Parlament gëtt opgeléist.
[Änneren] Gebuer
- 1819: Jacques Offenbach, däitsch-franséische Komponist.
- 1889: John Stefanos Paraskevopoulos, griichesch-südafrikaneschen Astronom.
- 1909: Errol Flynn, US-amerikanesche Schauspiller.
- 1924: Audie Murphy, US-amerikaneschen Zaldot a Filmschauspiller.
- 1928: Jean-Marie Le Pen, franséische Politiker.
- 1947: Carlos Santana, US-amerikanesche Museker a Gitarrist.
- 1967: Nicole Kidman, australesch Schauspillerin.
[Änneren] Gestuerwen
- 1836: Emmanuel Joseph Sieyès, franséische Politiker.
- 1870: Jules de Goncourt, franséische Schrëftsteller.
- 1909: Nicolas Gredt, lëtzbuergesche Soefuerscher.
- 1933: Clara Zetkin, däitsch Politikerin a Fraenrechtlerin.
- 1966: Georges Lemaitre, belsche Paschtouer a Physiker, Begrënner vun der Urknalltheorie.
- 2005: Larry Collins, US-amerikanesche Journalist a Schrëftsteller.
[Änneren] Feierdeeg
Januar | Februar | Mäerz | Abrëll | Mee | Juni | Juli | August | September | Oktober | November | Dezember |