Aldringen
Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.
|
|
---|---|
Land: | ![]() |
Regioun: | Wallounien |
Communautéit: | Däitschsproocheg Communautéit |
Provënz: | Léck |
Gemeng: | Burg-Reuland |
Awunner (Uertschaft): | 317 |
Aldringen ass eng Uertschaft an der Gemeng Burg-Reuland am Südoste vun der Provënz Léck un der däitscher a lëtzebuergescher Grenz a gehéiert zur däitschsproocheger Communautéit an der Belsch.
Aldringen huet 317 Awunner.
[Änneren] Geschichte
E réimesche Sailestomp ënnert dem Dafbecken an der Parkierch Aldringen aus dem 2. Joerhonnert no Christus deit op eng fréi Besiidlung hin. Aldringen gouf als Par fir d'éischt am Joer 1131 ënnert Aljer ernimmt.
Fréier gouf et zu Aldringen eng Buerg op deeër Plaz, déi haut Burgstadt heescht. Vun der Buerg ass haut näischt méi ze gesinn. Nokomme vun der Famill Aldringen liewen haut nach zu Lëtzebuerg an zu Wien als Adelsgeschlecht.
[Änneren] Geographie
D'Uertschaft grenzt un Beho, Deifelt, Espeler, Thommen a Maldingen. Aldringen besteet niewen dem bebauten Uertkär gréisstendeels aus Weideland. Et gëtt och Ackerland an e klengt Stéck Bësch.
Offiziell gëtt et zu Aldringen keng Stoossenimm. Stroossen, Uertsdeeler, Bëscher, asw. hunn Nimm wéi, "'d Jaass", "'d Stross" "op't Buresch", "on 't Steekoul", "de Moljerweich" ...