Arcelor Mittal
Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.
Arcelor Mittal ass dee weltgréisste Stolkonzern, deen 2006 aus der Fusioun vun der Arcelor mat der Mittal Steel Company entstanen ass.
Arcelor Mittal beschäftegt an 61 Siten a 27 Länner uechtert d'Welt 320.000 Leit. 50,6 % vum Aktiekapital kënnt aus der Arcelor, 49,4% aus der Mittal. Gréissten Actionnär, mat 43% ass d'Famill vum Lakshmi Mittal.
De CEO, de President vum Verwaltungsrot, ass de Lakshmi Mittal, nodeems de Roland Junck dës Fonctioun vun August bis November 2006 hat. D'zentral Verwaltung ass an der Stad Lëtzebuerg.