Atomprogramm vum Iran
Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.
Mam Atomprogramm vum Iran gouf schonns 1959 ugefaangen. Duerch d’Islamesch Revolutioun an den Éischte Golfkrich goufen d’Aarbechten ënnerbrach. Bis haut (Stand: Ufank 2006) ass keen eenzege Kärreaktor fir d’Energieversuergung un d’Netz gaangen – et existéieren awer e puer Fuerschungsreaktoren. Dem Iran gëtt zënter kuerzer Zäit virgeworf, d’Entwécklung vun Atomwaffen unzestriewen, wat allerdéngs vun iranescher Säit zeréckgewise gëtt; et gëtt betount, d’Atomenergie nëmme fir friddlech Zwecker ze notzen. An de Medie gëtt op d’Ausernanersetzungen wéinst den ongeklärten Ziler, déi den Iran mat sengem Atomprogramm verfollegt, dacks mam Ausdrock Atomsträit mam Iran agaangen.
[Änneren] Geschicht
Obwuel den Iran dat Land ass mat de weltwäit zweetgréisste Réserven u fossilen Energiequellen ass (Pëtrol an Erdgas zesummegeholl), gouf schonn an de 60er Joren iwwert hir begrenzte Quantitéit nogeduecht. Den deemolege Schah Mohammed Reza Pahlavi selwer koum zur Konklusioun, datt Pëtrol ze kostbar wär, fir e fir d’Energiegewënnung ze verbrennen.