Autobunn A1 (Lëtzebuerg)
Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.
D'lëtzebuergesch Autobunn A1 fänkt un um Gasperecher Kräiz a mecht d'Verbindung mat Däitschland op der Héicht vu Waasserbëlleg wou se op der Grenz iwwer d'Sauer geet. Vun do un iwwerhëllt déi däitsch A64 de Verkéier.
Op der Streck vu Gasperech bis op Waasserbëlleg goufen e puer grouss Brécken an Tunnelle gebaut:
- de Viaduc Drousbach
- den Tunnel um Houwald bei Hesper
- d' Victor-Bodson Bréck, Schréiseelbréck iwwer den Uelzechtdall.
- den Tunnel um Cents
- den Uewersir - Viaduc bei Nidderaanwen
- de Sir - Viaduc bei Mäertert
- de Viaduc iwwer d'Serningerbaach op der Wollefsmillen bei Waasserbëlleg
- d' Sauerdallbréck iwwer d'Sauer op der Grenz mat Däitschland
D'Tréierer Autobunn ass Deel vun der Europastrooss E44.
Autobunnen zu Lëtzebuerg | ||