Uelzecht
Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.
Uelzecht | |
Statut | {{{14}}} |
Längt | 73 km |
Héicht vun der Quell | 305 m |
Duerchschnëttsdebit | ? m³/s |
Fläch vum Baseng | ? km² |
Leeft duerch | Frankräich Lëtzebuerg |
Mündung | Sauer |
Breet vun der Mündung | ? |
Floss - Hydrologie |
D'Uelzecht ass ee vun de längste Lëtzebuerger Flëss.
Inhaltsverzeechnis |
[Änneren] D'Quelle vun der Uelzecht
Zënter Joerzéngten zerrappe sech d'Lokalchroniste vun Däitsch-Oth a vun Thil iwwer d'Quell vun der Uelzecht. De Fall ass net esou einfach, well et net ëm "eng" geet.
De Floss Uelzecht entstaamt dem Zesummefloss vun zwou Baachen. Déi eng entspréngt zu Däitsch-Oth, déisäit der Grenz, am franséischen Departement Moselle, leeft do ënner der rue de l'Alzette an Direktioun Esch-Uelzecht. Déi aner Baach, Vacherie genannt, kënnt vun Thil no bei Villerupt am franséischen Departement Meurthe-et-Moselle a leeft bei Réisseng um Terrain vun Däitsch-Oth an déi aner Baach. An deem Moment entsteet d'Uelzecht, déi eng 400 Meter weider duerch d'Kläranlag vun Däitsch-Oth leeft, fir gebotzt a Richtung Lëtzebuerg weiderzelafen.
[Änneren] D'Uelzecht op lëtzebuerger Terrain
Zu Esch leeft d'Uelzecht ënner der Uelzechtstrooss erduerch a kënnt op der Héicht vum Schlassgoart, beim virmolege Berwart-Schlass, erëm un d'Dageslut. Bis 1911 goung hiere Laf duerch déi haideg Kanal- a Liberatiounsstrooss, fir dann an déi ënnescht Uelzechtstross anzebéien, déi 1905 ugelucht gouf, woubäi d'Uelzecht iwwerdeckelt gouf.
Hannert Esch leeft se "durech d'Wisen", laangscht Schëffleng, Hënchereng, Fenneng, Beetebuerg, Léiweng, Bierchem, Béiweng, Réiser, Hesper, duerch d'Stad Lëtzebuerg, wou se sech tëscht de Sandsteefielsen e Wee gesicht huet.
Hannert der Stad leeft d'Uelzecht viru laangscht Bäreldeng, Walfer, Steesel, Bouferdeng, Hielem, Hënsdref, Luerenzweiler, Pretten, Lëntgen, Gousseldeng a Rollengen. Se fléisst duerch Miersch, an da laangscht d'Uertschaften Biereng, Miesdref, Pëtten, Kruuchten a Kolmer-Bierg, ier se, no 73 km, bei Ettelbréck an d'Sauer leeft.
[Änneren] Nieweflëss
|
[Änneren] Literatur
- Simmer, Alain: Aux sources de l'Alzette, in Hémecht Nummer 3, 1985, Säite 353-367.
- Gaspard, Eugène: Note sur la source de l'Alzette. Le pays Haut, 1980, Nummer 1-2, Säite 37-40 in: Le Républicain Lorrain edition de Luxembourg, 10. Mäerz 1982.
- Gaspard, Eugène: Les Sources de l'Alzette, Typoskript, 11 Säiten
[Änneren] Linken
[Änneren] Kuckt och
- Ons Heemecht, d'Lëtzebuerger Nationalhymn, déi dacks d'Uelzecht genannt gëtt, well se mat "Wou d'Uelzecht..." ugeet. Fir aner Bedeitungen, kuckt Uelzecht (Homonymie).