Backronym
Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.
De Begrëff Backronym [ˈbækɹənɪm] bezeechent en Akronym oder eng Ofkierzung, déi nodräglech e neie Bedeitungsinhalt kritt huet. Backronym ass dobäi eng Wuertkräizung aus „hannertzech“ (englesch back), an Akronym (englesch acronym).
E witzecht Beispill fir e Backronym ass d'Interpretatioun vun OGBL: „Owes – Geet – d'Bomi“ – Laafen“ (eigentlech: Onofhängege Gewerkschaftsbond Lëtzebuerg).
Backronymer kommen awer och am eeschte Geschäftsliewen vir, zum Beispill, wann eng Firma de Numm vun engem Produit bäibehällt, nodräglech awer mat enger anerer Interpretatioun kreéiere wëll. E gudd Beispill ass hei d'DB, déi sech bei der Ëmstrukturéierung vun Deutsche Bundesbahn an Deutsche Bahn AG ëmbenannt huet. Nierwt der laangfristeger Ëmdeitung vum Firmenumm, ginn Backronymer och fir kuerz- a mëttelfristeg Imagekampagnen benotzt. Sou zum Beispill beim Konzern BP, wat uersprénglech British Petroleum bedeit huet, elo awer a byond petroleum (méi wéi Benzin) ëmbenannt gouf, fir d'Engagement a neien Energien ze ënnersträichen.
Dat wuel bekanntste lëtzebuerger Beispill ass d'Partei ADR. Ugangs sollt dëse Backronym Aktiounskomitee fir Demokratie a Rentegerechtegkeet bedeiten, gouf am Mäerz 2006 dann awer an Alternativ Demokratesch Reformpartei ëmbenannt.
Vill Backronymer sinn och Apronymmer.
Dack ginn och Backronymer zu Wierder gebild, déi uersprénglech keng Ofkierzunge waren, zum Beispill beim Perl.
[Änneren] Beispiller
- GSM – „Global System for Mobile Communications“ – uersprénglech „Groupe Spécial Mobile“ (no der Forschungsgrupp)
- ICE – „Intercity Express“ – uersprénglech „Intercity Experimental“
- ISDN – „Integrated Services Digital Network“ – uersprénglech „Integriertes Sprach- und Datennetz“
- PHP – „PHP: Hypertext Preprocessor“ – uersprénglech „Personal Home Page“ (dobäi ass awer e rekursivt Akronym entstaanen)
- RAID – „Redundant Array of Independent Disks“ – uersprénglech „Redundant Array of Inexpensive Disks“
[Änneren] Humorvoll
- NSA – „No Such Agency“ (däitsch: Keine solche Behörde, eng Uspillung op d'Netexistenz vun der Agentur – wéint der Geheimhaltung huet keen dierfte wëssen, wat dëss Agency iwwerhaapt mecht, also huet och keen dierfe wëssen, datt et se iwwerhaapt gëtt)
- NTSC – „Never The Same Color“ (lëtzebuergesch: Nimols déiselwescht Faarw, enn Uspillung op déi technesch bedingte Faarwschwankunge vum amerikanesche Televisiounssystems)
- PCMCIA – „People Can't Memorize Computer Industry Acronyms“ (lëtzebuergesch: d'Leit kënne sech keng Computerindustrie-Ofkierzunge verhaalen)
[Änneren] Am Lëtzebuergeschen
- BMW - Bomi mam Weenchen, eigentlech Bayerische Motoren Werke
- OGBL - Owes geet d'Bomi laafen, eigentlech Onofhängege Gewerkschaftsbond Lëtzebuerg