Barbarathermen (Tréier)
Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.
![]() |
Dëse Architektursartikel ass eréischt just eng Skizz. Wann der méi iwwer dëst Thema wësst, sidd der häerzlech invitéiert aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann dir Hëllef braucht beim Schreiwen, da luusst bis an d'FAQ eran. |
D'Barbarathermen, eng vun den dräi réimeschen Thermen zu Tréier, leien net wäit ewech vun der Réimerbréck. Si hunn hiren Numm no deem fréier do geleeëne Stadsquartier St. Barbara krut. Méi al nach wéi d'Keeserthermen goufe si an der Mëtt vum 2. Joerhonnert vun de Réimer gebaut an haten no Schätzungen eng Gréisst vu ronn 172 x 240 m opweises. Domat ware se nieft den Trajanthermen zu Roum déi zweetgréisst vun dëser Aart.
Déi heiteg Ruin, mat hiren nidderegen Iwwerreschter, gouf bis Enn vum 17. Joerhonnert als Steebroch genotzt a gehéiert haut zu der Weltierfschaft vun der UNESCO. Wéinst dréngleche Baumoossname gëtt dëst réimescht Bauwierk momentan restauréiert.