Tréier
Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.
Tréier | |
---|---|
Land | Däitschland |
Bundesland: | Rheinland-Pfalz |
Landkrees: | Kreesfräi Stad |
Koordinaten: | 49° 45' N, 06° 38' O |
Fläch: | 117,14 km² |
Awunner: | 101.685 (Dez. 2006) |
Bevëlkerungsdicht: | 853 / km² |
Héicht: | 124 m i. NN |
Buergermeeschter: | Helmut Schröer |
Tréier (de: Trier; fr: Trèves) ass eng däitsch Stad a Rheinland-Pfalz a gëllt mat senger méi wéi 2000järeger Geschicht als déi eelste Stad vun Däitschland. Haut ass Tréier mat sengen ëm déi 100.000 Awunner Bezierkshaaptstad vum Regierungsbezierk Tréier, Bëschofssëtz an Universitéitsstad.
Inhaltsverzeechnis |
[Änneren] Geographie
Tréier läit an engem flaachen Deel 124 m iwwert NN vum soss esou enke Museldall, tëscht géie roude Sandsteefielsen am Westen an deenen zum Deel mat Wéngerte bedeckten Häng am Osten, nëmme puer Kilometer vun der Lëtzebuergescher Grenz ewech. Mam Haaptdeel op der rietser Säit vum Floss grenzt d'Stad am Süd-Osten un den Hunsrück an am Nord-Westen un d'Äifel. Tréier gehéiert zu de gréisste Wäibaugemengen u Musel, Saar a Ruwer.
[Änneren] Geschicht
Am Joer 16 v. Chr. grënnen d'Réimer ënnert dem Keeser Augustus an der Géigend vum Stammhellegtum vun de kelteschen Treverer d'Stad mam Numm Augusta Treverorum. Ëm 275 gouf si vun den Alemannen eruewert an zerstéiert. Nom Neesopbau, ernennt de Keeser Diokletian d'Stad mam Numm Treviris zum réimescher Keeserresidenz an Haaptstad vum westréimesche Räich. Dat antikt Tréier erlieft seng Héichzäit awer réischt am fréie 4. Joerhonnert ënner dem Régime vum Keeser Konstantin a gëllt der Fläch no als gréisst réimesch Stad nërdlech vun den Alpen. Ëm déi selwecht Zäit huet d'Chrëschtentum sech hei ausgebreet: Eng éischte Kéier geet vun engem Bëschof Rieds.
Enn vum 5. Joerhonnert vun de Franken eruewert, huet Tréier spéider zum ostfränkesch-däitsche Räich gehéiert. Nodeems d'Stad vun de Normannen nees eng Kéier zerstéiert ginn ass, ass 958 mat der Opriichtung vum Maartkräiz déi heiteg Maartplaz zum Zentrum vun der mëttelalterlecher Stad ginn. Am 12. Joerhonnert goufen déi Tréierer Äerzbëscheef Kurfürsten an hunn Tréier zur Haaptstad vun hirem Kurstaat gemaach, déi bis zu hirer Opléisung tëscht dem 18. an dem 19. Joerhonnert schéin a béis Zäiten huet misse materliewen. Eng éischt Universitéit gouf am Joer 1473 gestëft an där zäitweis den deemolege Weihbëschhof vun Tréier Peter Binsfeld Rektor war. Bis 1797 huet déi al Universitéit funktionéiert.
Während dem Drëssegjärege Krich ass Tréier zweemol, vun de Spuenier an dono vun de Fransousen, eruewert ginn. D'Stad sollt nach e puer Mol a franséisch Hänn falen, ier se 1815 zu Preisen gehéiert huet. Nodeems si am Zweete Weltkrich zum Deel schwéier beschiedegt ginn ass, gehéiert Tréier haut zënter der Grënnung vun der Bundesrepublik Däitschland am Joer 1946 zu Rheinland-Pfalz.
[Änneren] Politesches
Den 23. Mäerz 2007 gouf den neien "Oberbürgermeister" Klaus Jensen [[Eed| vereedegt. Hie gëtt vum 1. Abrëll un den Nofolger vum Helmut Schröer, deen 18 Joer laang déi Plaz hat. De Jansen war als Onofhängegen an d'Wal gaangen, an deeër hien vun der SPD an de Gréngen ënnerstëtzt gouf.
[Änneren] Kuckeswäertes
Tréier ass een eezege Fräiliichtmusée mat antiken, mëttelalterlechen an neizäitege Gebaier, vun deenen 1986 eng Partie zu der Weltierfschaft vun der UNESCO opgeholl gi sinn. Objeten a Konschtwierker aus der 2000järeger Tréierer Geschicht, déi fonnt goufen, sinn am Landesmusée, am Städtesche Musée Simeonstift an am Bëschofleche Musée ze bewonneren.
[Änneren] Antikitéit
- Porta Nigra, Symbol vun der Stad.
- Amphitheater
- Konstantinbasilika, déi réimesch Palastaula.
- Réimerbréck
- Thermen: Keeserthermen, Barbarathermen a Véimaartthermen.
[Änneren] Mëttelalter
- Den Tréierer Doum mat der Léiffraekierch an der Doumstad.
- De mëttelalterlechen Haaptmaart mat Steipe, Roudem Haus, St. Gangolfkierch an der noer Juddegaass.
- Benediktinerabtei St. Matthias
- Wunntierm Frankentuerm a Jerusalem-Tuerm
- Dräikinnekshaus
[Änneren] Neizäit
- Héichbunker vun Tréier
- Hellege Georg-Sprangbur um Karmaart.
- Historesch Kranen
- Karl-Marx-Haus
- Kurfürstleche Palais
- Mariesail
- Kierch St. Paulin
- Lëtzebuerger Tuerm
- Uni Tréier Petrisberg