Barrage Esch-Sauer
Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.
De Barrage Esch-Sauer ass am enken Éisleker Sauerdall op 1,2 km flossopwäerts vun der Uertschaft Esch-Sauer situéiert a faasst de Stauséi Uewersauer.
De Barrage, deen aus enger 47 m héijer Boustaumauer mat engem Krëmmungsradius vun 80 m am horizontalem Plang besteet, ass tëscht 1955 an 1957 gebaut ginn, nodeems Lëtzebuerger Regéierung am Joer 1953 d'Decisioun geholl hat, fir d'Drénkwaasserversuergung op Uewerflächewaasser zréckzeféieren. D'Déckt vun der schmueler Constructioun variiéiert tëscht 4,5 m um Fouss an 1,5 m an der Kroun. Iwwer déi 168 m laang Staumauer féiert eng duebelspureg 8 m breet Strooss mat béidsäiteg engem Trottoir, déi déi zwou Dallsäite verbënnt. Ënnen um 75 m laangem Fouss ass de Barrage mat zwou Schleisen équipéiert.
Nieft dem primären Zil fir d'Drénkwaasserversuergung ze garantéieren, sollt de Barrage nach Fräizäitaktivitéiten, d'Produktioun vun Energie an d'Regulatioun vun der Sauer erméiglechen.
[Änneren] Produktioun vun Drénkwaasser
An der Mëtt vum 20. Joerhonnert ass d'Demande un Drénkwaasser duerch d'Industrie an de private Konsum gewuess, sou datt d'Offer u Waasser, dat bis dohi gréisstendeels de Lëtzebuerger Sandsteen geliwwert huet net méi grouss genuch war. 1962 ass de Syndicat des Eaux du Barrage d'Esch-sur-Sûre kuerz SEBES gegrënnt gi mat der Missioun fir Drénkwaasser aus dem Reservoir vun Esch-Sauer hirzestellen. Éischt Konstruktiounsaarbechte vun der Statioun zu Esch-Sauer sinn 1969 ofgeschloss ginn. D'SEBES konnt schliisslech am Juni vum selwechtem Joer nach en Service goen.
D'Opbereedung vum Waasser an der Statioun Esch-Sauer duerchleeft en Traitement vu fënnef Phasen: eng Ozonisatioun, eng Koagulatioun, eng Filtratioun op Basis vu Sand, eng Entsaierung an eng Desinfektioun. Dëst Waasser, wat de strenge Qualitéitskritäre vum Drénkwaasser entsprecht, gëtt an de Reservoir Eschduerf gepompelt a leeft vun doaus an déi verschidde Statiounen uechtert d'Land.
[Änneren] Fräizäitaktivitéiten
Matzen am häitegem Naturpark Uewersauer implantéiert, ëmzéngelt vu géie mat Bësch bewuessenen Häng, an enger wéineg bewunnter Régioun ouni Industrië sollt de Stauséi en touristeschen Unzéiungspunkt ginn. Staark vun hollänneschen a belsche Vakanzler besicht, bitt de Stau och dem Lëtzebuerger eng ganz Rëtsch vu Fräizäit- a Waassersportméiglechkeeten (Seegelen, Schwammen, Tauchen oder Fëschen), déi vu Lëlz u flossopwäerts erlaabt sinn. Motorboote sinn aus Waasserschutzgrënn net zougelooss. E grousst Netz vu Wanderweeër an eenzel Plage si ronderëm de Séi ugeluecht.
Et ginn 2 Seegelclibb um Stausei, de Cercle Nautique de Lultzhausen an de Yacht Club du Grand-Duché de Luxembourg.
[Änneren] Produktioun vun Energie
Dem Barrage ass ënnen um Fouss eng elektresch Zentral beigefügt, déi mat zwou Francis-Turbinne mat enger unitärer Leeschtung vu 6,4 MW ausstafféiert ass. Mat Hëllef vun dësen Turbinne gëtt déi potentiell Energie vun de Waasserquantitéiten hannert dem Barrage a Spëtzestonnen an elektresch Energie ëmgewandelt.
Véier kleng Barragen hannert dem Haaptbarrage forméieren temporär Basengen, déi dozou déngen déi grouss Waasserquantitéiten, déi op ee Coup aus den Turbinne stréimen, opzefänken a kontrolléiert weider fléissen ze loossen. D'Energieproduktioun hänkt vum Debit vun der Sauer of a variéiert sou vu Joer zu Joer a Fonktioun vun den Nidderschléi. D'hydroelektresch Zentral huet am Laf vun de Joren u Bedeitung verluer.
[Änneren] Regulatioun vun der Sauer
D'Flossbett vun der Uewersauer ass duerch déi geologesch Formatioun vum Devon mat kompakten, wéineg poréisen a waasseronduerchlässege Schifersteng geprägt. Dësen Ënnergrond an de Phänomen, datt am Wanter wéineg Nidderschlagswaasser duerch d'Feele vun der aktiver Vegetatioun verdonst, brénge mat sech datt d'Sauer an där Joreszäit grouss Debite kritt. An dëser Hisiicht déngt de Stauséi an de Grenze vu senger Kapazitéit als temporäre Baseng fir d'Debite vun der Sauer ze regelen an Héichwaasser ze vermeiden.
[Änneren] Referenzen
- Brochure: Barrage d'Esch-sur-Sûre. Administration des Ponts et Chausséees.
- Administration des Ponts et Chausséees - Barrage Esch-sur-Sûre
- Le barrage